Luscherterbaach

Vu Wikipedia
Loucherterbach
lb:Luscherterbaach
Längt ± 2000 m
Hydrographesche
Baseng
Rhäin
Originn
Originn Quell
Plaz Luscherter Rieder
westlech vu Luschert
Héicht 350
Koordinaten 49° 44’ 40.90’’ N
      05° 43’ 59.90’’ O
Konfluenz
Leeft an d'Atert
Plaz Schmelzweiere
vu Luxeroth
Héicht 310 m
Koordinaten 49° 44’ 25.93’’ N
      05° 45’ 40.92’’ O
Geographie
Land Belsch

D'Luscherterbaach och Loucherterbach a Luchterbach oder och nach Luchterterbach ass eng Baach an der belscher Provënz Lëtzebuerg an e lénksen Niewefloss vun der Atert um Territoire vun der Gemeng Atert.

Se huet hir Quell am Bësch mam Numm Luscherter Rieder op enger Héicht vu ronn 350 Meter. Vun do leeft se no Oste südlecht laanscht Luschert fir da bei de fréiere Schmelzeweiere vu Luxeroth déi se zesumme mat der Schläimbaach gefiddert huet an d'Atert ze lafen. Se ass ronn 2 Kilometer laang

Chaînage[änneren | Quelltext änneren]

Baseng Niewewebaseng Direkt Nieweflëss Rang 3 Rang 4 Rang 5
Rhäin Musel Sauer Uelzecht Atert (Baach) Luscherterbaach