Lusophonie
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Lusophonie (Lusofonia) ginn déi Länner a Géigende genannt, wou Portugisesch geschwat gëtt. De Begrëff gouf analog zu deem vun der Frankophonie fir de franséischsproochege Raum gebilt a leet sech of vum réimeschen Numm Lusitania fir dat haitegt Portugal.
Am Géigensaz zu der Frankophonie ass d'Lusophonie kee politescht Konzept, mee bezitt sech op all déi, déi portugisesch schwätzen.
Zu der Lusophonie ginn déi heite Länner an Terrritoirë gezielt:
- Amerika: Brasilien
- Afrika: Angola, Mosambik, Guinea-Bissau, Kap Verde, São Tomé a Príncipe
- Asien: Macao, Timor Leste
- Europa: Portugal
D'Spiller vun der Communautéit vun de portugiseschsproochege Länner gi Jogos da Lusofonia genannt.