Lutz D. Schmadel
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Lutz Dieter Schmadel, gebuer den 2. Juli 1942 zu Berlin, ass en däitschen Astronom deen am Astronomesche Recheninstitut (ARI) un der Ruprecht-Karls-Universität zu Heidelberg schafft.
Hien ass den Auteur vum Dictionary of Minor Planet Names, e Buch dat hien ausgeschafft huet, nodeems 1988 d'International Astronomesch Unioun eng Etudegrupp op d'Bee gesat hat, fir d'Bedeitung vun den Asteroiden-Nimm z'erfuerschen.
Publikatiounen [änneren]
- Dictionary of Minor Planet Names. Dictionary + Addendum. Prepared on Behalf of Commission 20 Under the Auspices of the International Astronomical Union , 2006, Berlin, Springer, ISBN 978-3-540-36748-2