Lutz Niethammer

Vu Wikipedia
Lutz Niethammer
Gebuer 26. Dezember 1939
Stuttgart
Nationalitéit Däitschland
Educatioun Leibniz-Gymnasium
Aktivitéit Neizäithistoriker, Universitéitsprofesser
Member vun American Academy of Arts and Sciences

De Lutz Niethammer, gebuer de 26. Dezember 1939 zu Stuttgart, ass en däitschen Historiker. Hien ass Expert fir Nokrichsgeschicht an Däitschland an do ee vun de Pionéier vun der sougenannter Oral History, déi aus dem Sammelen an Auswäerte vu mëndlech iwwerliwwerte subjektiven Erliefnesser vun engem historeschen Evenement besteet.

A sengem Wierk, Ego-Histoire? und andere Erinnerungs-Versuche, beschäftegt hie sech mat der eegener Roll bei der Ausernanersetzung mat der Geschicht[1]. Dobäi hëlt hien och weider Usiichte vun aneren Historiker zur Kenntnes.[2] Dobäi stécht virun allem säin Interessi fir d'Oral History eraus, déi hien am Laf vu sengem Liewe praktesch duerch d'ganz Welt gefouert huet, sief dat Europa,[3] Amerika[4] oder souguer bis an Israel.[5] Grondsätzlech subjektiv presentéiert sech dëst Wierk, wou hie vu sengen Erënnerungen an Erliefnesser schreift, perséinlech Verbannungen an Interpretatiounen opstellt, sou wéi Reflektiounen iwwer säin eegent Liewe festhält.[6] Dëst Wierk ass eng gutt Basis fir déi markanst Momenter aus sengem Liewen ervirzehiewen.

Schoul a Karriär[änneren | Quelltext änneren]

Als Jong vun engem protestantesche Klengbierger aus Schwaben an enger kathoulescher Mamm aus enger wueletabléierter Famill aus dem rheinesche Biergertum, gouf de Lutz Niethammer als jéngste vun 3 Geschwëster am Dezember 1939 gebuer.[7] Bal ausschliisslech an enger weiblecher Welt opgewuess, ofgesi vu sengem Brudder, huet de Lutz Niethammer säi Papp eréischt am Alter vun 12 Joer kennegeléiert.[8] Säi Papp war jorelaang e Krichsgefaangene an der Sowjetunioun a konnt eréischt 1951 heemgoen.[9] No sengem Abitur 1960 huet hie säi Studium an der Geschicht ugefaangen.[10] Net nëmme seng Reportagë mä och seng Virliesungen, déi de Lutz Niethammer gehalen huet, wéi och d'Spezialisatioun a sengem zweete Fach, d'Sozialwëssenschaft,[11] weisen op d'Haaptgebidder an der sozialer a kultureller politescher Geschicht hin,[12] woubäi sech déi politesch Begeeschterung och a verschiddene Publikatioune vun him erëmspigelt.[13] De soziale Beräich war allerdéngs net vu vir era virgesinn, vue datt säin eigentlecht zweet Fach d'Theologie war. Säin Agnostizismus huet sech allerdéngs net iwwerwanne gelooss, soudatt hie säin zweet Fach huet misse changéieren.[14]

Wéi hien 1965 an den USA war fir e längeren Archivopenthalt, hu seng Recherchen hie vu Washington aus, duerch d'ganzt Land gefouert. Dobäi huet hien net nëmme seng Virléift fir Amerika entdeckt, mä och ass hien 1975 nach eng Kéier zeréck gefuer, fir ganzer zwéi Méint déi gréisst Oral History-Fuerschungsariichtungen duerchzekämmen.[15] 1968 gouf hie vum Hans Mommsen am Fréijoer mat op d'Universitéit Bochum geholl, als deem säin éischten Assistent; en hat nach net eemol promovéiert.[16] Am selwechte Joer huet du seng Karriär an der akadeemescher Selbstverwaltung ugefaangen.[17] Seng Promotioun huet hien dunn 1972 am Alter vun 33 Joer ënner der Leedung vu sengem Dokerpapp Werner Conze geschriwwen.[18] Am Ganze war hien néng Joer op verschiddene Plazen Fachgruppespriecher respektiv Institutsdirektor vun den Historiker.[19] De Léierstull fir Nei an Neist Geschicht huet hie vun 1973 un zu Essen beluecht, bis datt hien 1982 op der „FernUniversität“ vun Hagen ënnerriicht huet a vun 1989 bis 1993 am Kulturwissenschaftlichen Institut im Wissenschaftszentrum NRW war. Hien huet d'Ruhrgebitt dunn awer am Ufank vun den 1990er Jore verlooss an zu Jena op der aler Universitéit weider ënnerriicht.[20] Eréischt spéit a senger Ausbildung, nodeem e schonn eng Zäit eng akadeemesch Léierplaz hat, huet d'Theorie ugefaangen, eng Roll a sengem Liewen ze spillen.[21] Dëst hat och säi Virdeel, well him an deem Alter dëse Beräich ëmsou besser gefall huet an och bis haut nach ëmmer unhält.[21] Hie gouf 2002 mam Bochumer Historikerpräis ausgezeechent, engem prestigiéise Präis an der Sozialgeschicht.[22]

Engagementer a Projeten[änneren | Quelltext änneren]

Virun allem d'Ausernanersetzung 1962 mat den „Arbeitserziehungslager“ am Zweete Weltkrich an de béiden Uertschaften A. an O., déi no vu senger Heemechtsstad Stuttgart leien, schéngen dem Lutz Niethammer no gaangen ze sinn. Wéi konnt keen eppes dovu wëssen, wou hien dach sou no dobäi gelieft huet.[23] Wéi déi Erfarung de Lutz Niethammer beaflosst huet, erkennt een dorun, wéi seng Positioun zu Monumenter sech am Laf vun der Recherche verännert huet.[24] Wärend en um Ufank sech nach negativ zu där Erënnerungsmethodik ausgedréckt huet, well se virun allem Trauer bei him ervir hieft,[25] huet sech déi Siicht dach ëmgedréit. Virun allem bei der Konfrontatioun mat der Geschicht vum Arbeitserziehunglager zu O., dat ofgebrannt gouf, ass hien awer der Meenung, datt dach alt wéinstens en Denkmal schéin ass fir sech un déi Leit z'erënneren, déi Dag an Nuecht do hu misse leiden.[24]

Um Ufank vun den 1980er Joren huet de Lutz Niethammer sech agesat fir déi al Synagog zu Essen,[26] déi 1938 vun den Nazien niddergebrannt gi war, nees ze notzen. Zousätzlech huet hie fir déi gréisst Ruin, och vun der Stad Essen, sech agesat, dat dëst Gebai net ofgerappt sollt ginn.[27] An den 1980er a 1990er Jore souz hien och an enger Partie weidere Conseile vu Stëftungen an aneren Ariichtungen, déi meeschtens net därmoosse produktiv a manner léierräiche waren, bäi. An deem Sënn hieft hie virun allem ee Conseil ervir, dee vun der „Gesellschaft der Freunde Nordrhein-Westfalens“, an deem hien 1983 deelgeholl huet. Heibäi huet et sech ëm e Sponsorefond gehandelt, deen hei an do mol Finanzementer vun aussergewéinleche Moossnamen iwwerholl huet.[28] 1980 huet hien eng Aventure am Teamwork erlieft, wou hien e gemeinsaamt Oral History-Projet mat dem Franz Brüggemeier an Detlev Peukert ënner dem Numm „Lebensgeschichte und Sozialkultur im Ruhrgebiet 1930-1960“ gemaach huet.[29] Och gouf en internationale Verband fir de gemeinsamen Interesseberäich vun der Oral History gegrënnt, wou de Lutz Niethammer sech eemol am Joer mat den Adepte vun der Oral History iergendwou an Europa getraff huet.[30] Eng weider politesch Aventure huet hiren Ufank geholl, wéi hien am Joer 1984 un enger internationaler wëssenschaftlecher Konferenz an der DDR deelgeholl huet. 1987 huet hien zesumme mam Alexander von Plato an der Dorothee Wierling an dräi Industriezentren Interviewe gemaach fir seng däitsch Nokrichsgeschicht zum Osten a Westen op Basis vun der Oral History ze schreiwen. Dobäi musse si bal déi eenzeg gewiescht sinn, déi dat erlaabt kruten an en Dauervisa vun engem hallwe Joer haten, fir an der DDR ze bleiwen.[31]

De Lutz Niethammer huet och um „Journal Geschichte“ matgeschafft. Genee 10 Joer, vun 1979 bis 1989 huet hie bei der Verwierklechung vun der interdisziplinärer, weltoppener Zäitschrëft matgehollef.[32] 1989 war hien dunn och nach agelueden, eent vun deene gréissten Zentre fir „advanced studies“ a Mëtteleuropa als ministerielle „Gründungsbeauftrager“ opzebauen.[33]

Ausernanersetzung mat sech selwer an der héichkomplexer Geschicht vum eegene Liewen[34][änneren | Quelltext änneren]

Iwwer sech selwer ze schreiwe bréngt de Lutz Niethammer zur Frustratioun, well et eng onméiglech Saach fir hien ass, säi Liewe kuerz zesummen ze faassen a gläichzäiteg och zur Virféierung, well et einfach schmeichelhaft ass.[35] Virun allem ass et awer och interessant, vue datt seng Erënnerunge vum Liewen einfach opkommen, wéi een „unwillkürlicher Prozess“ a loosse sech net steieren.[6] D'Fro déi hie sech bei der Reflexioun iwwer dat eegent Liewe gestallt huet, dréit sech net ëm d'Erreeche vun den Ziler, déi ee sech gesat huet, mä éischter ëm de Problem vun Autoreschaft a sënnvolle Botschaften.[36] De Moment fir sech mat sengem eegene Liewen auserneen ze setzen an eng Ego-Histoire opzestellen ass, sou dem Lutz Niethammer seng Meenung: e Moment, deen d'Méiglechkeet gëtt säi Selbstbild nei z'entwerfen oder och ze korrigéieren, eng Neiinterpretatioun vun der eegener Geschicht.[25] Sou ass hien och der Iwwerzeegung, datt de richtege Moment fir eng autobiographesch Aarbecht ze schreiwe gewéinlech eng Kris ass.[35] Gemeinschaftlech Bezich a Gefiller sinn eréischt spéit a säi Liewe getrueden. Sou hat hien och ëmmer Problemer mat senger eegener Autoritéit a virun allem och seng Plaz an der Hierarchie anzehuelen an déi ëmzesetzen.[37] Wann hien zeréck denkt, da war hie schonn ëmmer en Eenzelgänger an och en Dreemer. Souwuel d'Kanner an der Schoul wéi och seng Geschwëster hunn hien et gär spiere gelooss, datt hien en Aussesäiter war an e richtege Mammejong.[38]

Wat säi Privatliewen als Erwuessene betrëfft, sou war de Lutz Niethammer zweemol bestuet.[39] Op senger Rees an Israel, bedingt duerch Recherchen, war hien a Begleedung vun enger Frëndin, der Christiane Vonberg, déi duerno Riichterin an och seng éischt Fra gouf.[40] Aus deem Bestietnes koum eng Duechter, d'Rebecca, dat 1968 op d'Welt koum.[41] D'Regina Schulte mat där hien och an der Beruffswelt fir d'éischt ze dinn hat a bei verschiddene Projete mat him zesummegeschafft huet gouf du seng zweet Fra.[42] Mat hir krut hien eng zweet Duechter, déi 21 Joer no der éischter op d'Welt koum, am Joer 1989.[43]

Startschwieregkeeten a seng ganz perséinlech Aart a Weis fir ze schreiwen[änneren | Quelltext änneren]

Staark philosophesch ugehaucht, fänkt de Lutz Niethammer den Zentrum vu sengem Wierk zur Ego-Histoire, wéi e vum Klaus Latzel beschriwwe gëtt, un.[44] An deem Kontext setzt hie sech net nëmme mat der Fro wat Ego-Histoire fir hien iwwerhaapt ass auserneen, mä och wéi hien déi Aarbecht iwwer sech selwer ze schreiwe gesäit an ugaangen ass. Kritesch setzt hie sech och mat sengen Aarbechten auserneen.[45] Als langweileg a geeschtlos bezeechent hie seng eegen Aarbechten, déi hien deelweis um Ufank nach publizéiert huet a schreift weider, datt och e Manktem un thematescher a methodologescher Koherenz an enger Partie vu senge Verëffentlechunge besteet.[46] Mat Startschwieregkeeten a senger Dissertatioun déi sech 1972 als Flopp entpuppe sollt, huet hien op seng Aart a Weis sech dach nach an der akadeemescher Welt duerchgesat.[47] En halleft Joerhonnert, sou schreift hie selwer, huet hie probéiert seng Aarbechten un d'Dagesliicht ze bréngen, mä ëmmer ëmsoss. Hien huet sech ni als Här vu senge Geschichte gesinn a scho guer net vu sengem Liewen.[34] Seng Interessi a Methodik, sech mat der Geschicht auserneen ze setzen, ginn deene vun de meeschten Historiker an deem Sënn aus dem Wee, datt hie sech éischter mat der géigewäerteger Zäit an Ëmwelt auserneesetzt an déi duerch hir Historiséierung probéiert ze veränneren.[26] Laang Zäit als „Mr. Oral History“ bezeechent beweisen och seng Reportagen, dat de Lutz Niethammer keen Historiker ass, dee sech nëmmen op gedréckte Quelle baséiert.[48] Och an enger Zesummenaarbecht mat weideren Historiker, ënner der Publikatioun „Lebenserfahrung und kollektives Gedächtnis. Die Praxis der „Oral History““, betount de Lutz Niethammer an der Aleedung, datt hien hofft mat dem genannte Wierk, d'Oral History nach weider ausbreeden ze kënnen,[49] obscho se scho wäit verbreet ass.[50]

An der Recherche zu den „Arbeitserziehungslageren“ ass hie vun Dier zu Dier schelle gaange fir Informatiounen aus éischter Hand ze kréien, sief dat vum Paschtouer oder vun engem fréiere Gestapochef.[51] Och am Kader vu senger „deutsche Nachkriegsgeschichte Ost und West“, wéi hie nach virwëtzeg war nom „Land hinter der Mauer“,[52] huet hien 1985 liewensgeschichtlech Interviewe wollte féieren, obschonn d'Oral History amtlech net an der DDR erwënscht war.[53] Zesumme mat Historiker aus der DDR sollt säi Projet dann dach nach verwierklecht ginn.[54]

Hie schreift, datt säin Aarbechtsviirgang grondsätzlech an zwee gedeelt gëtt. Am „intellektuellen Nachtleben“ gëtt geschriwwen an alles festgehalen. Am Dag ginn d'Resultater beim Iwwerschaffe gestrach oder och bäigehalen a virun allem steet och d'Lektür um Dagesprogramm oder wat néideg ass fir Informatioun opzehuelen.[55]

Persounen déi de Lutz Niethammer markéiert hunn[änneren | Quelltext änneren]

Wat d'Persoune betrëfft, déi dem Lutz Niethammer säi Liewe beaflosst hunn, sou wier wuel deen an der Mëtt vun den 1980er Jore gestuerwene Carl Schmitt z'ernimmen, deem e ganzt Kapitel gewidmet ginn ass an deen direkt um Ufank vum Niethammer souwuel als „modelhaft“ wéi och „individualistesch politesch“ duergestallt gëtt. Déi Spezialliteratur, Schmittiana, déi duerch hien entstanen ass, geet der Kritik vum Niethammer, dee se als onschlësseg bezeechent, allerdéngs net aus dem Wee.[56] Och soll hien, dem Niethammer no, kee politeschen Theoreetiker gewiescht sinn, vu datt e weeder „Beschaulechkeet“ nach „Distanz“ zu de politeschen Evenementer a Strukturen hat.[57]

Sou gëtt och dem Hans Mommsen e ganz Kapitel an dem Lutz Niethammer sengem Wierk gewidmet, wou hien en als groussen, faszinéierenden, flichtbesiessenen an och munnechmol angstafléissende Léiermeeschter bezeechent.[58] Och huet hien dem Hans Mommsen, zesumme mat weideren Assistente vun him, an enger „Festschrift“ seng déifst Beachtung an Éier matgedeelt, déi hien him a senger Aarbecht géintiwwer huet.[59]

Als eng eemoleg Erfarung huet hien och d'Frëndschaft mam Erich Kitzmüller, engem Frënd aus Éisträich, bezeechent. Sou soll hien an dem Lutz Niethammer sengen Aen, dee frëndlechsten a prakteschsten Theoreetiker sinn, mat deem hie bal 20 Joer laang, all Chrëschtdag a Sylvester verbruecht huet.[60]

Quell[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Cf. Virwuert vum Buch
  2. Cf. Inhaltsverzeechnes
  3. NIETHAMMER, Lutz, Ego-Histoire und andere Erinnerungs-Versuche. Wien/ Köln/ Weimar 2002, S. 151.
  4. Ebd. S. 140.
  5. Ebd. S. 147.
  6. 6,0 6,1 Ebd. S. VIII.
  7. Ebd. S. 169-172, 175.
  8. Ebd. S. 173.
  9. Ebd. S. 178.
  10. Beruflicher Werdegang, URL: http://www.histinst.uni-jena.de/Institut/Lehrstühle+und+Professuren/Prof_+em_+Dr_+Lutz+Niethammer/Prof_+em_+Dr_+Lutz+Niethammer/Beruflicher+Werdegang-p-2050.html (Donnerstag, 10. Mai 2012).
  11. Beruflicher Wedegang (Anm. 8).
  12. NIETHAMMER, Ego-Histoire und andere Erinnerungs-Versuche (Anm. 1), S. 114.
  13. Ebd. S. 124.
  14. Ebd. S. 118.
  15. Ebd. S. 140-141.
  16. Ebd. S. 67, 116.
  17. Ebd. S. 121.
  18. Ebd. S. 66, 122.
  19. Ebd. S. 122.
  20. Ebd. S. 120.
  21. 21,0 21,1 Ebd. S. 117.
  22. Ebd.
  23. Ebd. S. 7.
  24. 24,0 24,1 Ebd. S. 16.
  25. 25,0 25,1 Ebd. S. 3.
  26. 26,0 26,1 Ebd. S. 113.
  27. Ebd. S. 134.
  28. Ebd. 138.
  29. Ebd. S. 142-143.
  30. Edb. S. 144.
  31. Ebd. S. 150-151.
  32. Ebd. S. 132.
  33. Ebd. S. 152.
  34. 34,0 34,1 Ebd. S. 107.
  35. 35,0 35,1 Ebd. S. 105.
  36. Ebd. S. 108.
  37. Ebd. S. 158.
  38. Ebd. S. 177.
  39. Ebd. S. 128.
  40. Ebd. S. 148.
  41. Ebd. S. 148, 173.
  42. Ebd. S. 131, 205.
  43. Ebd. S. 131, 152, 173.
  44. LATZEL, Klaus, Rez. zu: NIETHAMMER, Lutz, Ego-Histoire und andere Erinnerungs-Versuche. Wien/ Köln/ Weimar 2002, in: H-Soz-u-Kult, URL: http://hsozkult.geschichte.hu-berlin.de/rezensionen/2003-4-019 (Montag, 14. Mai 2012).
  45. NIETHAMMER, Ego-Histoire und andere Erinnerungs-Versuche (Anm. 1), 106.
  46. Ebd. S. 109.
  47. Ebd. S. 110.
  48. Ebd. S. 114.
  49. NIETHAMMER, Lutz/ TRAPP, Werner (Hg.), Lebenserfahrung und kollektives Gedächtnis. Die Praxis der „Oral History“, Frankfurt am Main 1985, S. I.
  50. NIETHAMMER/ TRAPP (Hg.), Lebenserfahrung und kollektives Gedächtnis (Anm. 54) S. 471.
  51. NIETHAMMER, Ego-Histoire und andere Erinnerungs-Versuche (Anm. 1), S. 13.
  52. Ebd. S. 35.
  53. Ebd. S. 17-18.
  54. Ebd. S. 21.
  55. Ebd. S. 106-107.
  56. Ebd. S. 63, 68.
  57. Ebd. S. 72.
  58. Ebd. S. 202.
  59. Ebd. S. 204-206.
  60. Ebd. S. 127-128.