Luxair Fluch 8852

Vu Wikipedia
Luxair Fluch 8852
Den Dag duerno gëtt de Fliger aus dem Zonk gezunn
Resumé vum Accident
Datum 23. September 2003
Plaz Fluchhafe Lëtzebuerg
Land Lëtzebuerg
Doudesaffer 0
Fliger
Typ Embraer ERJ-145
Bedreiwer Luxair
Fluch-Nr LG8852
Identifikatioun LX-LGZ
Startfluchhafen Fluchhafe Wien-Schwechat
Zilfluchhafen Fluchhafe Lëtzebuerg
Informatiounen


Den 23. September 2003 koum eng Luxair-Maschinn um Findel vun der Pist of. Vun den 12 Leit u Bord gouf kee blesséiert.

Oflaf vum Fluch[änneren | Quelltext änneren]

Eng Embraer ERJ-145 mat der Kennung LX-LGZ vun der Luxair ass den 23. September 2003 um 07:18 zu Wien-Schwechat mat der Fluchnummer LG8852 Direktioun Lëtzebuerg fortgeflunn. De Fluch ass bis op Lëtzebuerg normal verlaf.

Transmissiounen tëscht dem Pilot an dem Tower zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Um 08:37 mellt sech de Luxair Fluch LG8852 beim Tower zu Lëtzebuerg nodeem d'Approche en dohi geschéckt hat. Den Tower gëtt der Maschinn direkt d'Landeerlabnes fir op der Pist 06 ze landen, de Wand kënnt dee Moment vun 030° mat 8 Kniet.

De Pilot bestätegt dat a freet duerno fir d'Pist via den Taxiway C (bei der Aerogare) ze verloossen. Den Tower ass averstanen.

Um 08:40 an 35 Sekonne rifft de Pilot den Tower MAYDAY, den Tower bestätegt de Message 4 Sekonne méi spéit.

D'Landung zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

5 Sekonnen nom Opsetze verléieren d'Piloten d'Kontroll iwwer de Fliger. D'Maschinn kënnt no 1500 m riets Richtung Bireler Gronn vun der Pist 06 of a gëtt vum Zonk gestoppt.

De Fliger gëtt evakuéiert a kee vun den 8 Passagéier ass blesséiert.

Ursaach[änneren | Quelltext änneren]

Et gëtt ugeholl, datt de Fliger no riets gerullt ass, well e Rad blockéiert war.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Luxair Fluch 8852 – Biller, Videoen oder Audiodateien