Luxaviation
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
|
|
|
|---|---|
| Gegrënnt: | 2008 |
| ICAO-Code | LXA |
| Ruffzeechen: | Red Lion |
| Sëtz: | Lëtzebuerg |
| Flott: | 6 |
| Destinatiounen: | ganz Europa |
Luxaviation ass eng lëtzebuergesch Fluchgesellschaft déi vum Fluchhafe Lëtzebuerg aus Air-Taxi Servicer ubitt.
Zu hirer Flott gehéieren 3 Cessna 560XL Citation XLS (LX-INS + LX-SEH + LX-NAT) an eng Embraer Legacy 600 (LX-NVB) eng Bombardier Challenger 300 (LX-PMA) an eng Bombardier Challenger 604 (LX-MDA).