Luxe.TV
Luxe.TV war een internationalen Televisiounsreseau vun DVL TV SA, dee vum 23. Juni 2006 bis den Oktober 2010 vu Lëtzebuerg aus ausgestraalt gouf. D'Programmer goungen op eng breet Aart a Weis ëm de Luxusberäich an all senge Facetten.
Enn Juli 2010 gouf bekannt, datt 24 vun de 37 Mataarbechter vun DVL TV SA géifen op de 15. August 2010 entlooss ginn.[1] De 15. Oktober 2010 gouf d'DVL TV SA fir faillite erkläert.[2]
Inhaltsverzeechnes |
Organisatioun [änneren]
President war de Jean Stock, Generaldirekter de Jean-Baptiste Stock a Programmdirekter de Jean-Philippe Art. Haaptactionnaire vun DVL TV SA waren, via d'Holdingen OPK a Luxadvor, de Sergej Pugatschow, e russeschen Oligarch, an och fréier Mataarbechter vun RTL, dorënner de Jean Stock[3], de Gust Graas, de Charles Ruppert, den Helmut Thoma an de Freddy Thyes.[4]
Programmer [änneren]
D'Programmer bestoungen haaptsächlech aus Dokumentatiounen a Reportagen iwwer Luxus-Produkter. Haapttheme ware Schéinheet a Moud, Bijouen an Aueren, Bannendekoratioun, Sport a Fräizäit, Hotellen a Gastronomie, Luxusautoen, Fliger a Schëffer. LUXE.TV produzéiert seng Programmer duerch eegen an ugestallten Equippe weltwäit. D'Reportagen hu kee journalistesche Kommentar, mä artikuléiere sech ronderëm een oder méi Interviewer.
LUXE.TV huet all Dag eng Stonn neie Programm ausgestraalt, deen dann iwwer 24 Stonnen widderholl gouf. Den Dag drop ass en anere Programm vun enger Stonn en boucle gelaf. Iwwert de Weekend goufen déi beschte Beiträg als „Best-Of“ proposéiert.
Zënter dem Summer 2010 goufe just nach Widderhuelunge gewisen.
Diffusioun [änneren]
Luxe.TV gouf integral an héich opléisender Norm produzéiert (HD), an an SD an am HD ausgestraalt. D'Programmer gouf et a siwe Sproochen: Däitsch, Franséisch, Englesch, Italienesch, Spuenesch, Chinesesch a Russesch. Se konnten an Europa fräi emfaange ginn iwwer d'Satellitter Astra an Hotbird, am Mëttleren Osten iwwer de Satellit Arabsat, an Asien op Eutelsat W5 an a Russland um Satellit ABS 1.
Um Spaweck [änneren]
Referenzen [änneren]
- ↑ L'Essentiel, 28 juillet 2010.
- ↑ "Luxe.TV ist pleite." tageblatt.lu, 15/10/2010 16:16:00.
- ↑ Jean Stock prêt à relancer Luxe.TV paperjam.lu, 2. November 2010
- ↑ d'Lëtzebuerger Land Nr.31, 6. August 2010, S.7.