Luxembourg American Cultural Society

Vu Wikipedia
Dësen Artikel zu engem Veräin oder enger Organisatioun ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Luxembourg American Cultural Society gouf 2004 an den USA gegrënnt mam Zil déi kulturell Ierfschaft vu Lëtzebuerg z'erhalen.

Fir déi lëtzebuergesch-amerikanesch Relatiounen aus der Vergaangenheet z'éieren, déi aktuell ze stäerken an och an Zukunft z'erhalen huet d'Gesellschaft sech virgeholl e Luxembourg American Cultural Center am Ozaukee County, Wisconsin ze bauen. Dëse kulturellen Zenter ass d'Häerz vun engem Wunnquartier, deen zu Recht New Luxembourg heescht. De kulturellen Zenter zu New Luxembourg kritt e Musée, e Fuerschungszenter a Konferenz - a Gemeinschaftsraimlechkeeten a representéiert en Investissement vun en ettlech Milliounen Dollar.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]