Luxembourg Approach

Vu Wikipedia

Luxembourg Approach oder Contrôle d'approche au RADAR ass de regionale Fluchkontrollzentrum an nieft dem Tower ee vun den zwéi Kontrollservicer um Fluchhafe vu Lëtzebuerg. D'Installatioune sinn um éischte Stack vum Bloc technique opérationnel (BTO), vun der Administration de la navigation aérienne um Findel, an deem och den Tower ass. D'Ruffzeechen ass Luxembourg Approach.

D'Aarbecht vun de Kontrollere vum Luxembourg Approach besteet doran, all d'IFR-Flich am Lëtzebuerger Kontrollberäich (TMA), sief et déi, déi fortginn oder déi, déi ukomme wäit genuch auserneenzehalen an all den anere Benotzer vum Loftraum all d'Traficinformatiounen zoukommen ze loossen (VFR-Trafic, Seegelfligeren, Ballonen, Militärfligeren asw.)

Zoustännegkeet[änneren | Quelltext änneren]

  • all Fligeren, déi vum Fluchhafe Lëtzebuerg fortgeflu sinn
  • all Fligeren, déi zu Lëtzebuerg lande wëllen an nach net un den Tower weidergeleet goufen.
  • all Fligeren iwwer hirem Gebitt.
  • All Fligeren, déi ëm déi 10 Meile vun der Pist vum Fluchhafe Lëtzebuerg ewech sinn an do lande wëllen, ginn un den Tuerm (118.100) weidergeleet. Ruffzeechen: Luxembourg Tower

Zum Iwwerwaachungsgebitt gehéiert Lëtzebuerg an nach kleng Deeler vun den Nopeschlänner. Den Zoustännegkeetsberäich an der Fluchhéicht ass an e südlechen Deel an an en nërdlechen opgedeelt. Am Süde läit d'vertikal Limitt tëscht 2.500 a 16.500 Fouss (TMA1A) an am Norden tëscht 3.500 a 14.500 Fouss (TMA1B), woubäi awer d'Haaptaktivitéite sech tëscht FL25 an FL135 ofspillen[1],[2].

Vu 4500 bis 8000 Meter Fluchhéicht gëtt d'Kontroll vum belsche CANAC zu Steenokkerzeel iwwerholl an alles wat driwwer ass gëtt vum Maastrichter MUAC geréiert.

Departen[änneren | Quelltext änneren]

All Fligeren, déi de Kontrollberäich verloosse ginn u follgend Kontrollzentre weidergeleet:

  • No Norden an Nordwesten (Richtung Belsch) ginn u Brussels Control (125.0) geschéckt
  • No Osten a Südosten (Richtung Däitschland), ginn u Langen Radar (129.675[3]; 125.600[4]) geschéckt.
  • No Süden, ginn u Reims Control (128.300) geschéckt. Ruffzeechen: LFEE CTR
  • No Westen (Richtung Paräis), ginn u Paris Control-Lower Area (128.100)[5] geschéckt. Ruffzeechen: LFFF CTR.
  • Aner Zentren an der Noperschaft sinn:
    • Belgian military (Belga Radar) am Westen
    • Spangdahlem GCA am Osten
    • Metz (Nancy-Lorraine + Frescaty airports) am Süden

Frequenzen[änneren | Quelltext änneren]

D'benotzt Frequenz ass 118.900 MHz, fir Noutfäll gëtt d'international Noutfrequenz 121.5 MHz benotzt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Air Traffic Services Airspace
  2. Other Regulated Airspace
  3. Langen ACC Radar South 4/5 & APP Ramstein/Saarbrücken/Zweibrücken
  4. Büchel APP Langen Radar
  5. 128.100 ass d'Haaptfrequenz vu Paris Control, et gëtt och nach anerer wéi 132.100, 124.720, an 128.870