Luxemburg (Iowa)

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Flag USA template.svg Dëse Geographiesartikel iwwer d'USA ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Geographesch Koordinaten: Gnome-globe.svg 42° 36’ 09.19’’ N 91° 04’ 27.29’’ W

Luxemburg ass eng Uertschaft am Dubuque County, am US-Bundesstaat Iowa. 2000 hunn do 246 Mënschen, opgedeelt an 92 Stéit, gelieft.

D'Uertschaft krut den Numm Luxemburg well mat déi éischt Siidler déi sech do ëm 1850 néiergelooss hate Lëtzebuerger waren. Aner Natiounen déi sech do an der Géigend ugesidelt haten, waren Englänner Iren an Däitscher.

Lëtzebuergesch Nimm déi do erëmzefanne sinn: Heiderscheit, Marnach, Wagner, Lucas, Link, Colbert, Goebel.

Déi éischt Schoul gouf an der Mëtt vun den 1850er Joren opgemaach, an déi éischt Schoulmeeschtere waren den Anton Pfeffer, an de Peter Simmerl. Vun 1878 un, hunn d'Fransikanerschwëstere vu LaCrosse sech ëm d'Schoul bekëmmert.

Déi éischt Geschäfter deemools ware Schroeder's General Store, Goebel's Blacksmith Shop, d'Postgebai, d'Luxemburg Bank an Ungs Creamery, and carpentry and stone masonry businesses.

Virum Gemengenhaus steet tëscht dem amerikaneschen a lëtzebuergesche Fändel e Kilometersteen wéi se laanscht d'Voie de la Liberté ze fanne sinn. Dat war e Cadeau vu Lëtzebuerg fir un déi amerikanesch Zaldoten z'erënneren, déi Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich gehollef hu befreien.

[änneren] Linken

[änneren] Kuckt och

  • Luxemburg fir aner Bedeitunge mat demselwechten Numm.

[änneren] Um Spaweck

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen