Luxemburger Lexikon

Vu Wikipedia
De Georges Hausemer an de Lexikon.

De Luxemburger Lexikon - Das Großherzogtum von A - Z ass deen éischten a bis ewell Stand 2021 eenzegen Lexikon mat allgemengem Bezuch op Lëtezbuerg. E besteet aus engem Band, ass op Däitsch, huet 480 Säiten, an ass de 14. Oktober 2006 an enger 1. Oplo vun 20.000 bei den Éditions Guy Binsfeld erauskomm.

D'Buch huet am Ganzen eppes 2.500 Illustratiounen, woubäi déi meescht um Bord vun de Säite sinn, an eng Gréisst hu vun 20 x 26 Millimeter. De Verlag schreift vun ongeféier 10.000 Lemmata.[1] Déi meescht dovu si Kuerzbiographië vu Persounen, et sinn der awer och en ettlech iwwer Toponymen, Gesellschaften, Vereenegungen, historeschen Evenementer, asw. mat engem Bezuch op Lëtzebuerg.

Nieft kuerzen Artikele sinn am Lexikon 30 Tableauen ze fannen déi Theeme behandele wéi Kollaboration im Zweiten Weltkrieg (2 Säiten) , Luxemburger Basketball mat enger Lëscht vun de Landesmeeschteren op dräi Säiten oder Das luxemburgische Theater (dräi illustréiert Säiten). De lëtzebuergesche Film huet zwou Säiten, eng mat Text an eng mat Fotoen.

De Lexikon gouf vum Georges Hausemer zesummestallt. Eng frëndlech Ënnerstëtzung vu P&T Luxembourg, dem Fonds culturel national, dem Kulturministère, dem Cactus, der Revue an RTL huet d'Editioun erméiglecht.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Hausemer, Georges, 2006. Luxemburger Lexikon: das Grossherzogtum von A - Z. Luxemburg. Éditions Guy Binsfeld. 478 S. ISBN 978-2-87954-156-3.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Presentatioun op der Säit vum Verlag.