Luxite

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Zeitungsannonce (1937).
D'Rue Luxite op der Kockelscheier.

Luxite ass den Handelsnumm vum Sprengsalpéiter, deen tëscht 1907 an 2001 vun der Firma Poudrerie de Luxembourg S.A. op der Kockelscheier produzéiert gouf[1].

Dofir gouf 1907 eng Filial mam Numm Explosifs Luxite sàrl gegrënnt, an nei Fabrikatiounsgebaier gebaut.

Luxite war e Sécherheetssprengstoff dee schwéier brennt (difficilement inflammable oder DI) a bestoung aus Ammoniumnitrat, Schwiefel, Brongkuel (Lignite), Holzmiel, Aluminiumpolfer an TNT. E war a Kartuschen ofgefëllt, déi a Pabeier mat Paraffin agewéckelt waren an déi och a fiichter Ëmgéigend zum Asaz komme konnten. Et gouf verschidden Zorten, wéi Luxite 1, Luxite 3, Luxite 4, Luxite EB, Luxite 18 an Luxite S I.

Luxite koum zu Lëtzebuerg virun allem beim Ofbau vun der Minett zum Asaz. Am Joer 1956 goufe 740 Tonne Luxite produzéiert, a Rekordjoren alt bis zu 2000 Tonnen.

Bei den Déifställ 1984 an 1985, am Zesummenhank mat der Bommeleeër-Affär, waren iwwer 400 kg Luxite aus Steekaule geklaut ginn, vun deem en Deel bei den Uschléi, déi nokoumen, zum Asaz koum.

Mat der Produktioun zu Lëtzebuerg gouf 2001 opgehalen.

D'Gebaier vun der Poudrerie de Luxembourg goufen dono ëmgebaut, an 2018 a Parc Luxite ëmgedeeft. Dora sinn ewell ë. a. Start-up-Entreprisen aus dem Beräich Eko-Technologien[2]. D'Gemeng Réiser huet och eng Strooss (Rue Luxite, Postcode 1899) nom Sprengstoff genannt.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Quell vum Artikel, wou net anescht uginn: http://www.industrie.lu/pulverfabrikkockelscheuer.html an http://www.paperjam.lu/archives/2006/09/15813/index.html
  2. "ParcLuxite : un nouveau site pour les startups et l'innovation". op luxembourg.public.lu; 16-03-2018.