Luxogramm

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Luxogramm, mam ganzen Numm Luxogramm - E System fir grammatesch Informatiounen iwwert d'Lëtzebuergescht, ass eng Websäit mat grammateschen Informatiounen zu de lëtzebuergesche Verben.

Luxogramm gouf am Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises vun der Uni Lëtzebuerg ënner der Leedung vum däitsche Linguist Peter Gilles entwéckelt.

Fir d'Erschafe vu Luxogramm gouf sech um linguistische Webportal fir däitsch Grammatik a Wierderbicher vun der Firma Canoo Engineering AG vu Basel orientéiert.

Als linguistesch Basis hunn d'Grammairë vum Robert Bruch, Josy Braun a François Schanen / Jacqui Zimmer gedéngt.

Nodeems Luxogramm am Ufank nëmmen op Däitsch fonctionnéiert huet, kann de Benotzer zënter Mee 2009 tëschent de Sproochen Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch wielen.

Um Spaweck [änneren]