Luxor-Tempel
De Luxor-Tempel läit direkt um Ufer vum Nil vu Luxor an Egypten.
E gouf vum Amenophis III. an dem Ramses II. erbaut an der Triad vun Theben geweiht. Zu der Triad geheieren d'Gëtter Amun, Chons a Mut.
Virun der Entrée stinn zwou Statuen vum Ramses II. Zwou vu sechs Statuen sinn nach just erhalen.
Vun denen zwéin Obelisken déi do stoungen, ass elo nach just een do. Den anere steet zu Paräis op der Place de la Concorde a war e Kado vum Muhammad Ali u Frankräich am Joer 1836.
Bei d'Entrée féiert e Wee, laanscht dee stenge Figure stinn. Déi Figuren stelle Widdersphinxen duer, déi fréier di zwéin Tempelen Luxor a Karnak matenee verbonnen hunn.
D'Entrée selwer, de Phylon, besteet aus zwou décken an héije Maueren. Déi weisen Kadesch-Schluecht géint d'Hethiter.
Hannert der Entrée läit den Haff vum Ramses II. Am ëstlechen Deel steet d'Moschee vum Abul Haggag, e Scheich aus dem 11./12. Joerhonnert.
All Joer fir Neijoersdag gëtt do d'Opet-Fest gefeiert.
| Portal Egyptopedia – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer dat aalt Egypten. |
| Commons: Luxor Temple – Biller, Videoen oder Audiodateien |