Luxtime - Jacques Tati revisited

Vu Wikipedia
Luxtime - Jacques Tati revisited
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Produktiounsjoer 2009
Dauer 70
Originalsprooch Franséisch
Ekipp
Regie Laura Schroeder
Dréibuch Laura Schroeder
Musek Pascal Schumacher
Produzent Théâtre national du Luxembourg
Centre national de l'audiovisuel
Luxtime asbl
Schauspiller

am Theaterstéck:
Tony De Maeyer: Gérard
Laure Roldàn: Airhostess
Annette Schlechter: Mme Miller
Milla Trausch: Botzfra
am Film:

Steve Karier: Här Schneider
Jérôme Varanfrain: Selbstmäerder
Jean-François Wolff: Chauffer
Gintaré Parulyte: Sekretär 1
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Luxtime - Jacques Tati revisited ass en Theaterstéck mat Film a Musek vun der Lëtzebuerger Regisseurin Laura Schroeder.

D'Première war den 11. Juni 2009 am Théâtre national du Luxembourg-TNL.

Ëm wat geet et?[änneren | Quelltext änneren]

Et handelt sech heibäi ëm een transdisziplinärt Theaterstéck dat Theater, Film a live Musek op der Bün kombinéiert an den Univers vum bekannte franséische Regisseur a Schauspiller Jacques Tati revisitéiert.

D'Regisseurin bréngt Ausschnëtter vu Filmer vum Jacques Tati mat neien Zeenen, déi si gedréint huet, zesummen. Zu gläicher Zäit trieden Acteuren op der Bün op, wou d'Museker Pascal Schumacher (Perkussioun), Guy Frisch (Perkussioun), Marc Demuth (Kontrabass) an Hugues Mayot (Klarinett) live spillen.

Laure Roldàn an Tony De Maeyer

Wat sot d'Press?[änneren | Quelltext änneren]

"(...) mat dësem Neveu Gérard geet et eis ebeemol wéi mam Monsieur Hulot selwer – lues a lues fanne mer Gefalen um Mann an un dësem Spektakel vun där ganz besonnescher Aart. Wat et méi laang dauert wat mer méi a méi dës fir eng jonk Regisseurin mam Numm Laura Schroeder geschéckt montéiert Opféierung appreciéieren, déi déi 3 Komponenten, Musek, Filmsequenz an Theaterduerstellung mat Erfolleg an engem Ganzen ze integréiere versteet." Pierre Neiens, Radio 100,7, 12. Juni 2009

"Luxtime - Jacques Tati revisited est une réussite scénique rafraîchissante dans la mesure où elle est légèreté maîtrisée." Stéphane Gilbart, Luxemburger Wort, 13. Juni 2009

"Es hat sich mehr als gelohnt. Wir verbrachten wundervolle anderthalb Stunden in einem Wunderland, welches wir so gut kennen, und doch nie sehen. Tati halt. Und dafür wollen wir uns herzlich bedanken, bei jedem, der was damit zu tun hatte." RoK, Lëtzebuerger Journal, 13. Juni 2009

"Ingénieuse réalisation par Laura Schroeder de son spectacle théâtral, musical, cinématographique et sans paroles (...)" Marc Weinachter, Kulturissimo, Juli 2009

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]