Luxuriant
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Luxuriant ass eng lëtzebuergesch Gratiszäitschrëft, déi 2008 vum Sébastien Vécrin, Pascal Monfort an Arnaud Decker gegrënnt gouf.[1] Si ass op jonk Leit ausgeriicht; Haapttheme sinn "Lifestyle" a Kultur zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun. E Schwéierpunkt läit och bei Interviewe vu Museker a Museksgruppen, déi grad am Land passéieren.
Luxuriant kënnt all zwee Méint, eraus, d'Oplag läit bei 20.000 Exemplairen, déi gratis u Baren a Restaurante verdeelt ginn. D'Redaktioun ass an der Hollerecher Strooss an der Stad.
D'Zäitschfrëft hat 2011 véier fest Employéen, och Freelance-Auteuren schreiwen Artikelen.
Si ass haaptsächlech op Franséisch, mee huet och Artikelen op Lëtzebuergesch, Englesch a Portugisesch.
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
Referenzen [änneren]
- ↑ D'Lëtzebuerger Land: L'autre presse gratuite (28. Abrëll 2011; gekuckt de 6. Juni 2012)