Luxusbuerg

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Luxusbuerg (kuerz 'lxb' genannt) war mat zirka 6000 User pro Dag dee gréissten IRC-Server zu Lëtzebuerg.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Luxusbuerg war d'Iddi vun dräi Leit: dem Chris Leesch (Kane), dem Mehran Khalili (scrm) an dem Raoul Mulheims (kee). Vun 1996 u war Luxusbuerg en Channel op engem internationalen Chat-Reseau (Undernet), éier am November 1999 an Zesummenaarbecht mat der P&T en eegene Server mat méi Channels draus gouf. Zanterhier hunn eng ganz Rei Leit matgeschafft a gehollef, an déi aktuell Equipe setzt sech aus iwwer 120 Leit zesummen (Operators, Admins an IRCops).

2007 huet d' #Luxusbuerg a.s.b.l. d'Relève mat engem eegenen Server iwwerholl.

Am Joer 2011 gouf den Chat agestallt. De Site www.luxusbuerg.lu ass zanterhier just nach ee Redirect op dës Wikipedia Säit hei.

Zesummestellung[änneren | Quelltext änneren]

Channel[änneren | Quelltext änneren]

De Luxusbuerg setzt sech aus 9 Channels zesummen. Anescht wéi bei anere groussen IRC-Netzwierker, kann een hei keng nei Channel kreéieren.

Numm Haaptthema
#adultflirt Flirt speziell fir déi méi erwuesse Leit
#anime Den Channel fir Fans vun japaneschem Manga an Anime.
#flirt Flirten; Treffpunkt fir Leit, déi op der Sich no engem Partner sinn
#francophone Channel fir Persounen, déi léiwer Franséisch wéi Lëtzebuergesch schwätzen
#friends Allgemengen Treffpunkt, fir Kollegen a Frënn erëmzetreffen. Theme variéiere staark
#metal Dësen Channel ass fir all déi Léit, déi gär iwwer Metal vun allen Zorte schwätzen
#queer Treffpunkt fir homosexuell Persounen an hir Frënn. (gayfriendly)
#quiz Op deem heite Channel gëtt Quiz gespillt. En ass an 3 Beräicher ënnerdeelt (quiz-beginner, quiz-advanced a quiz-expert). D'Spill gëtt vun engem BOT gefouert
#lrb Den offiziellen Channel vum LRB-Radio

Bei bestëmmten Events, wéi Weltmeeschterschaften oder Walen, ginn och speziell Kanäl opgemaach, op deenen dann doriwwer geschwat ka ginn.

Servicer[änneren | Quelltext änneren]

Fir e propperen Oflaf am Luxusbuerg ze garantéieren, lafen um Luxusbuerg och sougenannte Servicer. Den ChanServ an NickServ schützen Channel bzw. Nicknames vun de User, andeems se onerlaabt Erstellung oder Benotzung ënnerbannen. Den MemoServ erlaabt et de Benotzer, Noriichte fir en anere Benotzer ze hannerloosse wann deen net Online sollt sinn. Mam AdServ kënnen Noriichten an de verschiddenen Channels verbreet ginn.

Nieft dëse bekannte Servicer lafen awer och fir de Benotzer onsiichtbar Servicer wéi den OperServ, deen exklusiv vun der Administratioun benotzt gëtt, oder den StatServ, fir Statistiken z'erstellen. All déi Servicer gi vun der Administratioun vum Luxusbuerg verwalt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]