Luís Cabral

Vu Wikipedia
Luís Cabral
Gebuertsnumm Luís Severino de Almeida Cabral
Gebuer 11. Abrëll 1931
Bissau
Gestuerwen 30. Mee 2009
Doudesursaach Häerzkollaps
Nationalitéit Guinea-Bissau
Aktivitéit Staatsmann, Politiker
Partei Partido Africano da Independência da Guiné e Cabo Verde

De Luís de Almeida Cabral, gebuer den 10. Abrëll 1931 zu Bissau, a gestuerwen den 30. Mee 2009 zu Torres Vedras a Portugal, war e Politiker zu Guinea-Bissau. Hie war deen éischte President vun deem Land.

Zesumme mat sengem Brudder Amilcar huet hien 1956 de "Partido Africano da Independência da Guiné e Cabo Verde" (PAIGC) op d'Bee gesat. Nodeem den Amílcar Cabral 1973 zu Conakry ermuert gi war, huet de Luis Cabral, zesumme mam Aristides Pereira, dem spéidere President vum Cap Vert, d'Leedung iwwerholl.

No der Oeilletsrevolutioun, am Abrëll 1974, huet Portugal d'Onofhängegkeet vu Guinea-Bissau unerkannt. De Luís Cabral gouf President vum Staatsrot, d. h. President vun der Republik Guinea-Bissau an huet mat Hëllef vun der UdSSR a China e Programm fir den Erëmopbau an Entwécklung lancéiert. An November 1980 huet de Premierminister a Chef vum Militär João Bernardo Vieira géint hie geputscht. De Luís Cabral huet missen an den Exil goen. E goung eréischt 1999, nodeem de Generol Ansumane Mané d'Muecht iwwerholl huet, zeréck op a Guinea-Bissau.


Commons: Luís Cabral – Biller, Videoen oder Audiodateien