Lycée des arts et métiers

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Lycée des arts et métiers
De Lycée des arts et métiers um Lampertsbierg (2022)
Handwierkerschoul (LAM)
Typ Secondairesschoul, ëffentlech Schoul
Regimm General, Classique, Professionnel
Land Lëtzebuerg
Uertschaft Lampertsbierg
Adress 19, Rue Guillaume Schneider
Leedung Fabrice Roth
Schülerzuel 1.502
  September 2022
Ënnersteet der/dem Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend
Gegrënnt 14. Mäerz 1896
Architekt Sosthène Weis
Um Spaweck https://www.ltam.lu/


De Lycée des arts et métiers, kuerz LAM, ass déi fréier Handwierkerschoul, déi am Joer 1896 gegrënnt gouf. Et ass deen eelsten ëffentleche Lycée vu Lëtzebuerg.

Historique[änneren | Quelltext änneren]

Duerch d'Gesetz vum 14. Mäerz 1896 gouf d'École d'artisans an d'Liewe geruff[1]. D'Gesetz vum 30. September 1909 huet festgeluecht e Gebai fir dës Schoul an der Stad Lëtzebuerg ze bauen[2].

Dat huet sech als net néideg erwisen, well 1910 hunn d'Jesuittepateren hiert Schrëftstellerheem Bellevue um Lampertsbierg opginn an et dem Lëtzebuerger Staat verkaaft, deen dodran d'Handwierkerschoul amenagéiert huet. Ë. a. goufe bis 1911 Atelieren no de Pläng vum Staatsarchitekt Sosthène Weis bäigebaut. E Projet vun 1939 fir de Lycée auszebauen an dernieft en Internat ze bauen, ass ni realiséiert ginn.

Wärend der däitscher Besatzung, vun 1941 bis 1944, plënneren d'Cours techniques supérieurs op Esch, d'Schoul heescht elo “Staatliche Ingenieurschule Esch-Alzig” a gëtt vun engem gewësse Feilinger geleet.

No de Pläng vum Paul Dornsreiffer gouf vun 1948 bis 1953 am Kiischtewee en neie Fligel gebaut, dee bis 1958 vun der CFL-Direktioun benotzt gouf.

Tëscht 1968 an 1971 gouf d'Schoul vergréissert an déi al Ateliere goufen ersat. 1979 gouf aus der École des arts et métiers en technesche Lycée an heescht vun do un « Lycée technique des arts et métiers »[3].

1990 gouf déi fréier Kapell am Gebai an e Sall fir d'Proffen ëmgebaut. Parallel zum Gebai am Kiischtewee gouf 1993 ugefaangen nach e Fligel opzeriichten. Wärend deenen Aarbechte sinn eng Partie Klasse bei den Institut supérieur de technologie op de Kierchbierg verluecht ginn. Dat neit Gebai ass 1999 ageweit ginn.

Den 9. Juli 2015 huet d'Chamber e Gesetz gestëmmt, mat deem de fréieren Uelzecht-Lycée zu Dummeldeng an de Lycée technique des arts et métiers integréiert gouf, an zanterhier « Lycée des arts et métiers » heescht[4][5].

Zanter September 2018 huet de Lycée nach provisoresch en drëtte Site, am Gebai vun der fréierer Primärschoul an der Jofferegässel an der Stad[6][7].

Den 9. November 2017 gouf d'Gebai op den Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter agedroen[8].

Direkteren[änneren | Quelltext änneren]

vu(n) bis Direkter
1897 1934 Antoine Hirsch
1935 1949 Charles Roger
1949[9]

1956

1963 Joseph Bisdorff
1963 1989 Camille Lebeau
1989 2009 Norbert Jacobs
2009 2018 Véronique Schaber
2018 Fabrice Roth

Aktivitéiten[änneren | Quelltext änneren]

Schüleraktivitéiten hunn eng gewëssen Traditioun am LAM. All Schüler ka sech e Projet ausdenken an en der Direktioun virstellen. Och gëtt et Projeten, déi zwar vum LAM offiziell unerkannt sinn, déi awer vu Schüler gefouert ginn.

D'Schüler vum LAM sinn och zanter 2008 am Lampertsbierger Schülerorchester aktiv.

Schoul emol anescht[änneren | Quelltext änneren]

Ee Beispill vu villen ass d'Manifestatioun "Schoul emol anescht" (vun de Schüler einfach "Schoulfest" genannt), déi reegelméisseg all Joer an der Mëtt vum 3. Trimester ass. Hei hu Schüler d'Méiglechkeet, sougenannten Ateliere virzestellen a virzebereeden. Beispiller vu reegelméissegen Ateliere sinn: Mountain-Bike mat vun der Schoul bezueltem Transport an de Bambësch, Miss/Mister LAM, Kachen a Magic.

Schüler hëllefe Schüler[änneren | Quelltext änneren]

De Service de psychologique et d'orientation scolaire (SPOS) verwalt all Joer eng Lëscht mat Schüler, déi entweeder gratis oder géint Bezuelen anere Schüler Nohëllef ginn. Dobäi ginn déi Schüler och vum SPOS aktiv ënnerstëtzt, andeems se déi richteg Aart a Weis vum Léiere bäibruecht kréien. Natierlech gëtt och dem Schüler säin Duerchschnëtt an deem Fach gekuckt, an deem e wëll Nohëllef ginn. Sou ka séchergestallt ginn, datt all Schüler op der Lëscht och eppes vu sengem Fach versteet.

Déi Iddi war och fir den Internet ëmgesat ginn. Sou hat den LAM och en offizielle Forum fir Aufgabenhëllef, wou all Schüler aus dem LAM sech konnt umellen. Och hei gouf den Inhalt vu Professeren, awer och vun anere Schüler kontrolléiert. Dee Projet war vum Schüler Mike Ferreira Esteves am Februar 2005 op d'Bee gesat ginn; gouf awer 2007 erëm ofgeschaaft.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Jean-Pierre Kunnert: L'histoire du LTAM [Lycée Technique des Arts et Métiers]: l'histoire de notre école avec l'image pour mémoire ; in: 100 Joer Handwierkerschoul ; Lëtzebuerg, LTAM, 1996; Ss.12-36.
Vue vun uewen

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Lycée des arts et métiers – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Loi du 14 mars 1896 portant création d'une école d'artisans. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-12-19.
  2. Loi du 30 septembre 1909 concernant la constitution d'une école d'artisans à Luxembourg. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-12-19.
  3. Règlement grand-ducal du 13 juillet 1979 transformant (…) l'Ecole des Arts et Métiers (…) en lycées techniques et leur octroyant des dénominations particulières. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-12-19.
  4. "Deux lycées fusionnent." Le Quotidien, 10. Juli 2015, S. 5.
  5. Loi du 30 juillet 2015 portant intégration de l'Uelzecht-Lycée dans le Lycée technique des Arts et Métiers. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-12-19.
  6. Lycée des Arts et Métiers | Nos 3 sites. Gekuckt de(n) 2021-12-19.
  7. Lycée des Arts et Métiers | L'historique en détail. Gekuckt de(n) 2021-12-19.
  8. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).
  9. kommissaresch well de Charles Roger an den Aarbechtsministère gewiesselt ass