Lycée Robert-Schuman
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Lycée Robert-Schuman zu Lëtzebuerg, kuerz Meedercherslycée genannt, ass e klassesche Lycée um Lampertsbierg an der Stad Lëtzebuerg. Säin Numm huet e vum Politiker Robert Schuman.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Historique
1909 gouf de Lycée de jeunes filles à Luxembourg vun der Association pour la création d'un lycée de jeunes filles à Luxembourg, enger privater Vereenegung, déi vun der Aline Mayrisch-de Saint-Hubert an Liewe geruff gouf, gegrënnt.
Duerch Gesetz vum 17. Juni 1911 gouf déi gesetzlech Basis geschafen, fir en ëffentlechen Enseignement moyen fir Meedercher an der Stad Lëtzebuerg an zu Esch-Uelzecht mat Hëllef vun deene respektive Gemengen anzeféieren.
Den 22. Juli 1911, huet de Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg decidéiert fir der Regierung provisoresch duerfir Schoulsäll mam noutwennege Mobiliar zur Verfügung ze stellen. Dës Säll waren am Gebai vun der Primärschoul bei der Industrieschoul um Lampertsbierg.
En Arrêté ministériel vum 26. Juli 1911 huet festgeluecht, fir d'Dire vum Lycée den 2. Oktober 1911 opzemaachen. Op deen Datum war och d'Erëffnung vum Lycée de jeunes filles à Esch-sur-Alzette duerch Arrêté ministériel vum 20. September 1911 fixéiert.
1926 gouf um Lampertsbierg en eegent Gebai fir de Lycée de jeunes filles ageweit. Haut ass dat den alen Deel vum Schoulgebai. Architekt war den Nicolas Petit.
Duerch Règlement grand-ducal vum 14. Januar 1972 gouf den Numm vu Lycée de jeunes filles de Luxembourg op Lycée Robert-Schuman ëmgeännert.
1979 gouf ugefaangen, de Lycée ze moderniséierten an ze vergréisseren. Ageweit gouf en 1987. Architekt war de Laurent Schmit.
[änneren] Den Accident um Busarrêt
Den 19. Mee 1993 ass en 12 Joer ale Schüler, den Hamed Ehdaie, beim Busarrêt tëscht dem Glacis an dem Robert Schuman-Lycée ënner ee Bus geroden a gestuerwen. Schüler hu méi spéit op der Plaz eng Erënnerungplack ophänke gelooss.
[änneren] Direkteren
- 1909 - 1911 : Nicolas van Werveke (Schoulleedung)
- 1911 - 1934 : Henri Ahnen (Direkter f.f.)
- 1934 - 1940 : Edouard Oster
- 1944 - 1945 : Jean-Pierre Stein
- 1945 - 1958 : Robert Kieffer
- 1958 - 1967 : Hélène Palgen
- 1967 - 1987 : Paul Schroeder
- 1987 - 2004 : Marie-Anne Werner
- 2004 - 2005 : Albert Linster
- zënter 2005 : Michèle Remakel
[änneren] Literatur
- Marianne Werner, Dan Elvinger: 1909 bis 2009 - Das "Lycée Robert Schuman" feiert sein hundertjähriges Bestehen. Eine Schule die mit der Geschichte wuchs, Tageblatt Nr 56 vum 8. Mäerz 2010, S. 28
[änneren] Linken
[änneren] Kuckt och
[änneren] Um Spaweck
- Offiziell Websäit vum Lycée Robert Schuman
- Loi du 17 juin 1911, concernant l'organisation de l'enseignement moyen des jeunes filles (lycée)
- Arrêté du 26 juillet 1911, concernant l'ouverture du lycée de jeunes filles à Luxembourg
- Règlement Grand-ducal du 14 janvier 1972 octroyant une dénomination particulière au Lycée de jeunes filles de Luxembourg
- Loi du 6 juillet 1979 autorisant le Gouvernement à faire procéder à la modernisation, au réaménagement ainsi qu´à l´équipement technique et mobilier du Lycée Robert-Schuman à Luxembourg