Lycée technique du Centre

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Lycée Technique du Centre)
Lycée technique du Centre
Haaptentrée vum LTC (2022)
(LTC)
Typ Secondairesschoul, Héichschoul, ëffentlech Schoul
Regimm Classique, General, Professionnel, Brevet de technicien supérieur
Land Lëtzebuerg
Uertschaft Lampertsbierg, Lëtzebuerg
Adress 106, avenue Pasteur L-2309 Lëtzebuerg, 6, rue Coudenhove - Kalergi L-1359 Lëtzebuerg
Leedung Jean-Paul Lenertz
Schülerzuel 2.056
  September 2022
Ënnersteet der/dem Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend, Ministère de la Recherche et de l'Enseignement supérieur
Genannt no Walbezierk Zentrum
Um Spaweck https://www.ltc.lu/
Haaptgebai vum LTC um Lampertsbierg (2005)

De Lycée technique du Centre , kuerz LTC, ass eng Secondaires- an Héichschoul an der Stad déi virun allem op technesch Beruffer spezialiséiert ass.

Den LTC besteet aus dem Haaptgebai um Lampertsbierg an enger Annex um Kierchbierg.

Historique[änneren | Quelltext änneren]

Well et nom Krich absënns fir en ekonomeschen Neesopbau vum Land néideg wat fir d'Beruffsausbildung nei z'organiséieren, ass am Oktober 1945 d'Gesetz vun 1929 iwwer d'Beruffsausbildung nei organiséiert ginn[1] an déi éischt Coursë vum Enseignement professionnel goufen an enger Annex vum Dominikanerklouschter um Lampertsbierg – nieft dem aktuellen LTC – ofgehalen. Den 19. Dezember 1953 ass dat neit Gesetz iwwer d'Beruffsausbildung a Kraaft getrueden[2] mat deem zu Lëtzebuerg d'Centres d'enseignement professionnel gegrënnt konnte ginn. Mam Arrêté grand-ducal vum 29. Juli 1954 goufen doropshin d'Beruffsschoulen an der Stad, zu Ettelbréck, Dikrech, Ëlwen, Wolz, Gréiwemaacher an zu Réiden geschaaft[3] an déi fréier Annex vum Klouschter gouf mat engem neie Gebai ersat.

Op Grond vum Gesetz vun 1979 iwwer d'technesch Ausbildung[4] krut d'Stater Beruffsschoul mam Règlement grand-ducal vum 28. August 1979 den neien Numm « Lycée technique du Centre »[5]. D'Schoul war vun do un en Haaptacteur wat déi technesch a berufflech Formatiounen ugeet an huet eng Rëtsch vu Formatioune wéinst Plazmanktem an anere Lycéeën uechter d'Land ugebueden.

Ëm 1980 ass en neie Fligel un d'Gebai um Lampertsbierg bäigebaut ginn.

D'Gesetz vum 4. September 1990 huet d'Beruffsausbildung reforméiert an dräi Regimmer agefouert: den technesche Regimm, d'Formatioun als Technicien an de beruffleche Regimm[6]. Am LTC goufen doropshin all Klassen am Technique, véier Formatiounen am Beräich vum Technicien an e groussen Deel vum Professionnel offréiert.

Mam Gesetz vum 3. Juni 1994 iwwer de Régime préparatoire sinn d'Klassen aus dem Complémentaire – déi bis dohin am Gebai 65 Avenue Pasteur ënnerbruecht waren – an den LTC integréiert ginn[7].

Zanter dem Gesetz vum 21. Juli 2006 kann een am LTC och de Baccalauréat international maachen[8] an den LTC ass eng « École du monde de l'office du baccalauréat International » ginn.

Wéinst de ville Schüler huet den LTC iwwer d'Joren ëmmer nees misste Klassen an anerer Gebaier ënnerbréngen (Schroerbau um Geesseknäppchen, fréiert Klouschter Saint-François, « Giele Pavillon », fréier Primärschoulen zu Dummeldeng an um Kierchbierg, Gebai 65 avenue Pasteur, …). Hautdesdaags sinn nieft dem Haaptgebai um Lampertsbierg nach Klassen um Kierchbierg, am Gebai vum fréieren Institut supérieur de technologie.

Direkteren[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Arrêté grand-ducal du 8 octobre 1945, portant révision de la loi du 5 janvier 1929, sur l'apprentissage. legilux.lu (08.10.1945). Gekuckt de(n) 02.10.2022.
  2. Loi du 1er décembre 1953 portant création de centres d'enseignement professionnel pour les apprentis de l'artisanat, du commerce et de l'industrie. legilux.lu (01.12.1953). Gekuckt de(n) 02.10.2022.
  3. Arrêté grand-ducal du 29 juillet 1954 ayant pour objet la création de centres d'enseignement professionnel. legilux.lu (29.07.1954). Gekuckt de(n) 02.10.2022.
  4. Loi du 21 mai 1979 portant 1. organisation de la formation professionnelle et de l'enseignement secondaire technique 2. organisation de la formation professionnelle continue.. legilux.lu (21.05.1979). Gekuckt de(n) 02.10.2022.
  5. Règlement grand-ducal du 28 août 1979 transformant le Centre d'enseignement professionnel de Luxembourg, (…) en lycées techniques et leur octroyant des dénominations particulières. legilux.lu (28.08.1979). Gekuckt de(n) 02.10.2022.
  6. Loi du 4 septembre 1990 portant réforme de l'enseignement secondaire technique et de la formation professionnelle continue. legilux.lu (04.09.1990). Gekuckt de(n) 02.10.2022.
  7. Loi du 3 juin 1994 portant création du régime préparatoire de l'enseignement secondaire technique. legilux.lu (03.06.1994). Gekuckt de(n) 02.10.2022.
  8. Loi du 21 juillet 2006 autorisant le Gouvernement à organiser des classes internationales préparant au diplôme du baccalauréat international. legilux.lu (21.07.2006). Gekuckt de(n) 02.10.2022.