Lycée de garçons de Luxembourg

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
De Lycée de garçons de Luxembourg um Lampertsbierg (2008)

De Lycée de garçons de Luxembourg, kuerz LGL genannt, ass e klassesche Lycée um Lampertsbierg an der Stad Lëtzebuerg. De Lycée de garçons war fréier allgemeng ënner dem Numm Industrieschoul bekannt. En ass um Lampertsbierg just nieft der Kierch a steet tëschent der Avenue Victor Hugo an der Avenue Pasteur. Direkt dernieft steet och d'Lampertsbierger Primärschoul Henri VII a virum Lycée ass d'Auguste Laurent Plaz.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Historique

D'Industrieschoul ass duerch Gesetz vum 18. Mäerz 1892 vum Stater Kolléisch getrennt ginn a krut eng eegen Direktioun. De Gustave Zahn, Directeur adjoint vum Kolléisch, gouf den 3. Oktober 1892 mat der Direktioun vun der neier Schoul chargéiert. Deemools goufen et 26 Professeren an 289 Schüler, opgedeelt a 6 Industrie-, 3 Commerceklasse an d'Cours supérieurs fir Naturwëssenschaften, Physik a Mathematik.
De 25. Mee 1894 krut de Gustave Zahn d'Nominatioun als Direkter. D'Industrieschoul mat hire Klassesäll ass och no dëser Trennung nach am Gebai vum Kolléisch an der Uewerstad bliwwen.

Duerch d'Gesetz vum 23. Mee 1904 gouf de Bau vun engem neie Gebai fir d'École industrielle et commerciale de Luxembourg festgeluecht. Heifir gouf e Concours ausgeschriwwen, deen den Architekt-Ingénieur Gustave Serta gewonnen huet.
1908 ass d'Schoul, mat hiren deemools 409 Schüler, an hiert neit Gebai um Lampertsbierg komm.

Während dem Zweete Weltkrich am August 1941 gouf een Deel vun de Schüler aus dem Kolléisch an d'Industrieschoul verluecht, an eng sougenannte Goetheschoul, Staatliche Oberschule für Jungen, am selwechte Gebai geschafen, an där och Latäin geléiert gouf. D'Industrieschoul selwer gouf a Staatliche Limpertsberg-Oberschule für Jungen ëmbenannt. Nom Krich blouwen d'Section moderne mat 6 Joer an d'Section latine mat 7 Joer Studie bestoen. 1945/1946 hat d'Schoul iwwer 1.000 Schüler mat 64 Professeren.

Duerch d'Groussherzoglecht Reglement vum 28. Abrëll 1945 gouf d'Schoul vun "Ecole industrielle et commerciale de Luxembourg" op "Lycée de garçons de Luxembourg" ëmbenannt.

[änneren] Direkteren

  • 1892-1894 : Gustave Zahn (Direkter f.f.)
  • 1894-1906 : Gustave Zahn
  • 1906-1916 : Nicolas Philippe
  • 1917-1917 : François Manternach
  • 1917-1940 : Gustave Faber
  • 1945-1945 : Gustave Faber
  • 1945-1955 : André-Paul Thibeau
  • 1955- 1961 : Alphonse Willems
  • 1961-1971 : Henri Thill
  • 1971-1988 : Édouard Simon
  • 1989-2005 : Jean-Paul Pütz
  • 2005-: Bernard "Benn" Schroeder

Am Zweete Weltkrich, gouf d'Direktioun vun der Schoul vum Joseph ("Josef") Foos iwwerholl.

[änneren] Verschidde bekannte Professeren

[änneren] Linken

[änneren] Kuckt och

[änneren] Um Spaweck

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen