Lycée du Nord

Vu Wikipedia
Lycée du Nord
(LN)
Typ Secondairesschoul, ëffentlech Schoul
Regimm Classique, General, Professionnel
Land Lëtzebuerg
Uertschaft Wolz
Adress 19, rue Général Patton L-9551 Wiltz
Schülerzuel 1.075
  September 2022
Ënnersteet der/dem Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend
Gegrënnt 18. Juni 1969
Um Spaweck https://lnw.lu/


De Lycée du Nord, kuerz LN, ass eng ëffentlech lëtzebuergesch Secondairesschoul zu Wolz.

Historique[änneren | Quelltext änneren]

Op Basis vum Gesetz vun 1965 iwwer d'Mëttelschoulen[1] ass mam groussherzogleche Reglement vum 18. Juni 1969 de Lycée[2], deen deemools « Collège d'enseignement moyen » geheescht huet, gegrënnt ginn. Zur Schoul hunn och nach Dependancen zu Ëlwen a Klierf gehéiert. D'Beruffsausbildung vun Ëlwen a Klierf ass kuerz drop, mam Reglement vum 15. Juli 1969[3], bei d'Wëlzer Mëttelschoul geprafft ginn an d'Schoul krut dunn den Numm « Collège d'enseignement moyen et professionnel du Nord ». Am September 1969 ass eng éischt Kéier Schoul gehale ginn.

1973 huet d'Chamber e Gesetz gestëmmt mat deem d'Regierung d'Erlabnes krut fir e Gebai fir de Lycée bauen ze loossen[4]. Méi spéit goufe Vergréisserungen erlaabt: eng éischt Kéier 1995[5] an duerno nach 2001[6].

1979 ass aus der Mëttelschoul e Lycée technique ginn, deen den Numm « Lycée technique du Nord » krut[7].

Mam Gesetz vum 24. Mäerz 1992 krut d'Schoul och eng « Classique »-Sektioun[8] an aus dem Lycée technique gouf e Lycée, deen dunn den neien a bis haut gëltegen Numm « Lycée du Nord » krut[9].

2010 goufen de 40. Anniversaire vun der Schoul gefeiert an nei Gebaier ageweit.

Mat engem Fest ënnert dem Numm « LN Celebrating » a mat enger Séance académique sinn 2019 dem Lycée seng fofzeg Joer gefeiert.

Direkteren[änneren | Quelltext änneren]

  • 1969 - 2001: Fernand Schmitz
  • 2001 - 2011: Jo Troian[10]
  • 2011 - 2016 : Pierre Koppes
  • 2016 - haut : Pierre Stockreiser[11]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Loi du 16 août 1965 portant création de l'enseignement moyen. legilux.lu (16.08.1965). Gekuckt de(n) 26.09.2022.
  2. Règlement grand-ducal du 18 juin 1969 portant création d'un Collège d'enseignement moyen à Wiltz avec dépendances à Clervaux et à Troisvierges. legilux.lu (18.06.1969). Gekuckt de(n) 26.09.2022.
  3. Règlement grand-ducal du 15 juillet 1969 portant réorganisation des centres d'enseignement professionnel. legilux.lu (15.07.1969). Gekuckt de(n) 26.09.2022.
  4. Loi du 31 juillet 1973 autorisant le Gouvernement à procéder à la construction d'un bâtiment scolaire pour le collège d'enseignement professionnel et moyen du Nord à Wiltz. legilux.lu (31.07.1973). Gekuckt de(n) 26.09.2022.
  5. Loi du 28 avril 1995 autorisant le Gouvernement à procéder à l'agrandissement du Lycée du Nord àWiltz, à l'équipement des nouveaux locaux et à l'aménagement des alentours (première phase). legilux.lu (28.04.1995). Gekuckt de(n) 26.09.2022.
  6. Loi du 24 juillet 2001 relative à la deuxième phase d'agrandissement du Lycée du Nord à Wiltz. legilux.lu (24.07.2001). Gekuckt de(n) 26.09.2022.
  7. Règlement grand-ducal du 28 août 1979 transformant le Centre d'enseignement professionnel de Luxembourg, le Centre de formation ménagère rurale de Mersch et le Collège d'enseignement moyen et professionnel du Nord en lycées techniques et leur octroyant des dénominations particulières. legilux.lu (28.08.1979). Gekuckt de(n) 26.09.2022.
  8. Loi du 24 mars 1992 concernant la création d'un établissement d'enseignement secondaire à Wiltz. fr (24.03.1992). Gekuckt de(n) 26.09.2022.
  9. Règlement grand-ducal du 22 septembre 1992 octroyant une dénomination particulière à l'établissement d'enseignement secondaire et secondaire technique à Wiltz. legilux.lu (22.09.1992). Gekuckt de(n) 26.09.2022.
  10. De Jo Trojan goung den 1. Oktober 2011 a Pensioun. Quell: Internetsäit vum Lycée. Besicht den 10. Oktober 2011.
  11. Pierre Stockreiser – nouveau directeur du LN op der Internetsäit vum Lycée, Abrëll 2016