Lycée technique des arts et métiers

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
De Lycée technique des arts et métiers um Lampertsbierg (2008)

De Lycée technique des arts et métiers, kuerz LTAM, ass déi fréier Handwierkerschoul, déi am Joer 1896 gegrënnt ginn ass, an ass deen eelsten ëffentlechen technesche Lycée vu Lëtzebuerg.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Historique

Duerch Gesetz vum 14. Mäerz 1896 gouf d' École d'artisans de l'État an d'Liewe geruff.

D'Gesetz vum 30. September 1909 huet festgeluecht fir e Gebai fir dës Schoul an der Stad Lëtzebuerg ze bauen.

[änneren] Direkteren

[änneren] Aktivitéiten

Schüleraktivitéiten hunn eng gewëssen Traditioun am LTAM. All Schüler ka sech e Projet ausdenken an en der Direktioun virstellen. Och ginn et Projeten, déi zwar vum LTAM offiziell unerkannt sinn, déi awer vu Schüler gefouert ginn.

[änneren] Schoul emol anescht

Ee Beispill vu villen ass d'Manifestatioun "Schoul emol anescht" (vun de Schüler einfach "Schoulfest" genannt), déi regelméisseg all Joer an der Mëtt vum 3. Trimester ass. Hei hu Schüler d'Méiglechkeet, sougenannten Atelieren virzestellen an virzebereeden. Beispiller vu regelméissegen Atelieren sinn: LAN-Party op Schoulcomputer oder PC, Mountain-Bike mat vun der Schoul bezueltem Transport op de Bambësch, Miss/Mister LTAM, Kachen a Magic.

[änneren] Schüler hëllefe Schüler

De Service de psychologique et d'orientation scolaire (SPOS) verwalt all Joer eng Lëscht mat Schüler, déi entweder gratis oder géint Bezuelen anere Schüler Nohëllef ginn. Dobäi ginn déi Schüler och vum SPOS aktiv ënnerstëtzt, andeems se déi richteg Aart a Weis vum Léiere bäibruecht kréien. Natierlech gëtt och dem Schüler säin Duerchschnëtt an deem Fach gekuckt, an deem e wëll Nohëllef ginn. Sou ass séchergstallt, datt all Schüler op der Lëscht och eppes vu sengem Fach versteet.

Dës Iddi ass och fir den Internet ëmgesat ginn. Sou huet den LTAM och en offizielle Forum zur Aufgabenhëllef, wou all Schüler aus dem LTAM sech kann umellen. Och hei gëtt den Inhalt vu Proffen, awer och vun den anere Schüler kontrolléiert. Dëse Projet ass vum Schüler Mike Ferreira Esteves am Februar 2005 op d'Been gesat ginn; hie gouf awer 2007 erëm ofgeschaf.

[änneren] Linken

Vue vun uewen

[änneren] Kuckt och

[änneren] Um Spaweck

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht