Lydie Err

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Lydie Err
Gebuer 23. Abrëll 1949
Péiteng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Affekot, Ombudspersoun
Partei LSAP

D'Lydie Err, gebuer den 23. Abrëll 1949 zu Péiteng, ass eng lëtzebuergesch Politikerin an Affekotin.

1984 ass d'Lydie Err fir d'éischt op der Lëscht vun der LSAP an d'Chamber gewielt ginn an zanterhier, zulescht 2009, all Kéier nees erëmgewielt ginn.

Si war vum 10. Juli 1989 bis de 7. Oktober 1991 Vizepresidentin vun der Chamber a vum 4. Februar 1998 bis de 7. August 1999 Staatssekretärin fir Aussebezéiungen, Aussenhandel a Kooperatioun; Staatssekretärin fir Ëffentlech Aarbechten an der Regierung Juncker-Poos.

Si war vum 1. Februar 2012[1] bis uganks 2017[2] Ombudsfra.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Lydie Err: En emotionalen Depart aus der Chamber." RTL.lu - 01.02.2012, 07:00 | Fir d'lescht aktualiséiert: 01.02.2012, 08:03.
  2. "Neuer Ombudsman gesucht: Lydie Err geht in Rente." wort.lu, 20 Januar, 2017 um 10:48.
  3. Compte rendu des séances publiques N° 13 – Session ordinaire 2004-2005 op der Websäit vun der Chamber
  4. La chambre des députés du grand-duché de Luxembourg - Compte rendu des séances publiques N°15 • Session ordinaire 2009-2010 S. 1 kuckt op http://www.chd.lu/wps/portal/public/CompteRenduDesSeances