Lydie Polfer

Vu Wikipedia
Lydie Polfer
Gebuertsnumm Lydie Catherine Polfer
Gebuer 22. November 1952
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Diplomat, Affekot
Partei Demokratesch Partei
Member vun Parlamentaresch Versammlung vum Europarot
Famill
Bestuet mat Hubert Wurth
Papp Camille Polfer


D'Lydie Catherine Polfer gebuer den 22. November 1952 an der Stad Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch DP-Politikerin. Si ass zanter 2013 Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg (fir d'éischt 1982 bis 1999) an zanter 2009 Deputéiert an der Chamber (fir d'éischt 1979 bis 1984).

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

1972, no hirer Première am Lycée Robert-Schuman an der Stad Lëtzebuerg, goung d'Lydie Polfer op Grenoble, fir Droit ze studéieren. Se huet hire Studium 1976 mat enger Maîtrise ofgeschloss, an do d'selwecht Joer och en Diplom an Europarecht gemaach.

1979 huet se sech decidéiert, an d'Politik ze goen. Si gouf, op der DP-Lëscht, an d'Chamber gewielt an ass duer 1984, 1989, 1994 an 1999 erëmgewielt ginn. Tëscht 1984 a 1994 huet s'op hiert Mandat als Deputéiert an der Chamber verzicht, fir Deputéiert vum Europäesche Parlament ze ginn, fir dat s'och op der Wielerlëscht stoung.

1994 gouf si Presidentin vun der Demokratescher Partei (DP) a blouf dat bis 2004.

Tëscht 1982 an 1999 war d'Lydie Polfer Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg, wou si d'Nofolleg vun hirem Papp dem Camille Polfer gemaach huet.

Vum August 1999 bis Juli 2004 war si Vizepremièreministesch, Ausseministesch a Ministesch fir Verwaltung a Verwaltungsreform an der Regierung Juncker-Polfer.

Vun 2004 bis 2009 war si nees Member vum Europäesche Parlament.

Bei de Chamberwale vum 7. Juni 2009, deene vum 20. Oktober 2013, deene vum 14. Oktober 2018 an deene vum 8. Oktober 2023[1] gouf si all Kéier an d'Chamber erëmgewielt.

De 17. Dezember 2013 gouf si op en Neits als Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg vereedegt, nodeem de Xavier Bettel Premierminister an der Regierung Bettel-Schneider gi war[2]. Si blouf dat och no de Gemengewale vum 8. Oktober 2017[3] an deene vum 11. Juni 2023[4].

Privatliewen[änneren | Quelltext änneren]

D'Lydie Polfer huet eng erwuessen Duechter a wunnt an der Stad Lëtzebuerg.

Auszeechnungen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Lydie Polfer – Biller, Videoen oder Audiodateien
Virgänger:
Camille Polfer
Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg
1982 - 1999
Nofollger:
Paul Helminger
Virgänger:
Xavier Bettel
Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg
2013 -
Nofollger:
 

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. (fr)Résultats détaillés - Centre. elections.public.lu. Gekuckt de(n) 10.10.2023.
  2. "Lydie Polfer als nei Stater Buergermeeschtesch vereedegt." RTL.lu - 17.12.2013, 16:44 | Fir d'lescht aktualiséiert: 17.12.2013, 16:48.
  3. "7 Buergermeeschteren hunn den Eed ofgeluecht,
  4. (fr)Assermentation des collèges des bourgmestre et échevins. mint.gouvernement.lu (06.07.2023). Gekuckt de(n) 06.07.2023.
  5. Aktivitéitsrapport vum Staatsministère vum Joer 2000 wou op de Säite 77 ff déi Leit ernimmt sinn déi den 22. Juni 2000 eng Auszeechnung vum Premier iwwerreecht kritt hunn
  6. 6,0 6,1 Portrait vun der Lydie Polfer op der Websäit vun der DP Gearchiveerd op 2016-03-04. Gekuckt de(n) 2013-01-02.
  7. Offiziell Websäit vum Quirinal
  8. Lëscht vun de Persounen déi tëscht 1952 an 2012 d'Ehrenzeichen für Verdienste um die Republik Österreich kruten