Lydie Schmit

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Lydie Schmit

D'Lydie Schmit, gebuer den 31. Januar 1939 zu Esch-Uelzecht a gestuerwen de 7. Abrëll 1988, war eng lëtzebuergesch LSAP-Politikerin.

D'Lydie Schmit ass an enger Aarbechterfamill opgewuess. Si huet Sproochen a Geschicht studéiert a war vun 1963 u Lycéesprofessesch, fir d'éischt an enger Privatschoul, dunn, vun 1968 un, am Lycée Hubert Clément zu Esch. D'Thema vun hirer Dokterthese war d'Geschicht vun de Gewerkschaften zu Lëtzebuerg vun hiren Ufänk bis 1939. Hir Fuerschunge fir dës Aarbecht hunn et matbruecht, datt si vill a Kontakt mat de Parteien an deene verschiddene Gewerkschafte war, an dobäi hir d'Interessen un der Politk abruecht. 1970 ass si der LSAP bäigetratt, gouf 1973 Vizepresidentin an, vun 1974 bis 1979, Presidentin vun där Partei. Si war domat déi éischt Parteipresidentin zu Lëtzebuerg an an Europa.

Vun 1976 bis zu hirem Doud 1988 war si am Schëfflenger Gemengerot. 1979 ass si an d'Chamber gewielt ginn, huet hiert Mandat awer den 30. August 1980 nees opginn. Politesch huet si sech verstäerkt op internationalem Plang engagéiert: Den 10. November1980 gouf si Presidentin vun der Sozialistescher Fraen-International a Vizepresidentin vun der Sozialistescher International (bis 1984).

1984 huet si fir d'Wale vum Europäesche Parlament kandidéiert a gouf als Deputéiert op Stroossbuerg gewielt.

D'Lydie Schmit ass de 7. Abrëll 1988 u Kriibs gestuerwen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]