Lyman-Alpha-Bësch

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Als Lyman-α-Bësch (och Lyα-Bësch, an der Fachsprooch dacks och Lyman-alpha forest genannt) ginn Usammlungen vu schaarfen Absorptiounslininne am Spektrum vu Quasaren bezeechent. Dës Linnen entstinn duerch d'Absorptioun vum Liicht duerch Wolleken aus intergalakteschem Gas op der Siichtlinn zum Quasar, haaptsächlech den Ly-α-Iwwergank vum neutrale Waasserstoff. Well den Duerchgank vum Liicht duerch dës Gaswolleken bei ënnerschiddleche Routverrécklungen (ënnerschiddlech Distanzen) stattfënnt, schléisst sech de Lyman-Alpha-Bësch op der Säit vu kierzerer Wellelängten un déi routverréckelt Ly-α-Emissiounslinn vum Quasar un.

Wéi Ënnersich gewisen hunn, hëlt d'Zuel vun dëse Linne mat der Distanz vun den Objete zou, wouraus d'Astronomen ofleeden, datt d'Linnen net vun den Objeten selwer stamen, mä vu Waasserstoffwolleken stamen, déi tëscht den Objeten an der Äerd sinn. Domat loosse sech aus der Zuel, der Verdeelung an der Stäerkt (Breet an Opazitéit) vun den Absorptiounslinnen Réckschlëss op d'Verdeelung an Dicht vun de Wolleken (an doraus nees vu Galaxien) am Universum zéien. Aus dësen Informatiounen nees kënnen d'Astronomen etlech Eegeschafte vum ganzen Universum, wéi d'Struktur vum Kosmos, d'Hubble-Konstant an d'Dicht-Verdeelung ofleeden.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]