Lyman Spitzer

Vu Wikipedia
Lyman Spitzer
Gebuertsnumm Lyman Strong Spitzer II
Gebuer 26. Juni 1914
Gestuerwen 31. Mäerz 1997
Nationalitéit USA
Educatioun Princeton Universitéit,
Phillips Academy,
St John's College
Aktivitéit Astronom, Astrophysiker, Physiker, Universitéitsprofesser
Member vun American Academy of Arts and Sciences, Phi Beta Kappa, American Philosophical Society, American Astronomical Society, American Physical Society, Royal Society, National Academy of Sciences

De Lyman Spitzer, Jr., gebuer de 26. Juni 1914 zu Toledo (Ohio) a gestuerwen den 31. Mäerz 1997 zu Princeton (New Jersey)) war en amerikaneschen Astrophysiker. Hien huet wichteg Bäiträg zu der theoreetescher Astrophysik an zu der Plasmaphysik geleescht. Hie war och eng dreiwend Kraaft an der Entwécklung vu Weltraumteleskopen.

De Spitzer gouf als Jong vun engem Geschäftsmann gebuer. No sengem Studium op der Yale University an op der Universitéit vu Cambridge ass hien op d'Princeton Universitéit gaangen, wou hien 1938 beim Henry Norris Russell iwwer en Theema aus der Physik vun de Stärenatmosphäre promovéiert huet. No engem Fuerschungsopenthalt op der Harvard Universitéit ass hien nees op d'Yale University gaangen. Am Zweete Weltkrich war hien un der Entwécklung vum Sonar fir U-Booter ze fanne bedeelegt. Am Joer 1947 gouf hie Leeder vum Department fir Astrophysik vun der Princeton Universitéit, dat hien zesumme mat dem Martin Schwarzschild als dominant Fuerschungsariichtung ausgebaut huet.

De Spitzer ass och ee vun de Pionéier vun der Iddi vu Weltraumteleskopen. Schonn 1946 huet hien d'Virdeeler duerch feelend Loftonrou an d'Zougänglechkeet vu weidere Wellelängteberäicher beschriwwen. Spéider spillt hien eng zentral Roll bei der Verwierklechung vu Weltraumteleskope wéi OAO-3 (Copernicus) an den Hubble-Weltraumteleskop.

De Spitzer huet op ville Gebidder vun der Physik an der Astrophysik gefuerscht, besonnesch zu der Physik vun der interstellarer Matière, Stellardynamik, Plasmaphysik a Kärfusioun. Hien huet festgestallt, datt déi interstellar Matière aus méi Phase mat verschiddenen Temperaturen an Dichte besteet. Op de Spitzer geet d'Stellaratorkonzept fir Experimenter mat der kontrolléierter Kärfusioun zeréck.

Wierker (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • "Physics of Fully Ionized Gases", 2nd Edition 1962 (New York: Interscience)
  • "Diffuse Matter in Space", 1968 (New York: Interscience)
  • "Physical Processes in the Interstellar Medium", 1978 (New York: Wiley-Interscience)
  • "Dynamical Evolution of Globular Clusters", 1987 (Princeton: Princeton Universitéit Press)

Éierungen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie