Lynx (Stärebild)

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Date vum Stärebild Lynx
Lëtzebuergeschen Numm Luchs
Laténgeschen Numm Lynx
Laténgesche Genitiv Lyncis
Laténgesch Ofkierzung Lyn
Rektaszensioun 6h 16m bis 9h 42m
Deklinatioun +32° 58' bis +61° 57'
Fläch 545 Quadratgrad
Siichtbar op de Breedegraden -35° bis +90°
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
Dat ganzt Joer
Zuel vu Stäre mat
Gréisst < 3m
keng
Hellste Stär,
Gréisst
α Lyn,
3,13m
Meteorstréim -
Nopeschstärebiller
(vu Norden am
Auerzäresënn)
Camelopardalis
Auriga
Gemini
Cancer
Ursa Major
Kaart vum Stärebild Lynx

De Lynx (Luchs) ass en onschäinbaart Stärebild um Nordhimmel.

Inhaltsverzeechnes

Beschreiwung [änneren]

De Lynx besteet aus enger Ketten vu liichtschwaache Stären. Nëmmen den hellste Stär, α Lyncis, erreecht déi 3. Gréissteklass. Hien ass och deen eenzege Stär am Stärebild, dee mat engem griicheschen Buschtaf bezeechent gëtt. Déi iwwreg Stäre ginn allgemeng mat hirer Flamsteed-Bezeechnungen opgelëscht. Um Himmel ass de Luchs nëmmen schwéier auszemaachen. Hie befënnt sech an engem relativ stärenaarme Gebitt tëschent dem Grousse Bier an den Zwillingen.

Geschicht [änneren]

D'Stärebild gouf vum Astronom Johannes Hevelius agefouert an ass fir d'éischt am Joer 1690 a sengem Himmelsatlas publizéiert ginn. Wou den John Flamsteed Ufanks vum 18. Joerhonnert d'Stären duerchnummeréiert huet, hunn nach keng genee definéiert Stärebillergrenzen existéiert. Dës goufen eréischt am Joer 1930 vun der IAU festgeluecht. Dobäi goufen e puer Stären, déi vun dem fréiere Stärebild ze wäit ewech waren, neie Stärebiller zougewisen. Dofir steet de Stär 10 Uma (Ursa Majoris = Grousse Bier) haut am Luchs. Ëmgekéiert steet de 41 Lyncis am Ursa Major.

Himmelsobjeten [änneren]

Stären [änneren]

Stär Numm Gréisst
α Lyn 3,13m
38 Lyn 3,8m
10 UMa 4,0m
38 Lyn 4,3m

Den α Lyncis ass 170 Liichtjoer vun eis ewech. Et ass e Roude Ris mat der Spektralklass K9 III.

Duebelstären [änneren]

Objet Gréissten Ofstand
38 Lyn 3,9m/6,4m 2,7"

Den 38 Lyncis ass een Duebelstäresystem op enger Distanz vun 90 Liichtjoer vun eisem Sonnesystem. Déi zwou Komponenten gehéieren de Spektralklassen A2 an G0 un.

NGC-Objeten [änneren]

Messier (M) NGC divers Gréisst Typ Numm
2683 10,0m Galaxis

Am Luchs ass d'Galaxis NGC 2683. Si ass 10 Millioune Liichtjoer wäit ewech.

Kuckt och [änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck [änneren]

Commons: Lynx (constellation) – Biller, Videoen oder Audiodateien