Lyriden
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Lyriden | |
|---|---|
| Aktivitéitszäitraum | 16.-25. Abrëll |
| Aktivitéitsmaximum | 22. Abrëll |
| Radiantpositioun vum Maximum |
RA: 18h 4m DE: +34° |
| ZHR | 15 |
| Populatiounsindex | 2,9 |
| geozentresch Vitesse | 49 km/s |
Bei de Lyriden handelt et sech ëm ee vu Mëtteleuropa aus siichtbare Meteorstroum, dee schonns zënter e puer Joerhonnerte virun eiser Zäitrechnung observéiert gëtt.
Haut läit den ZHR vun de Lyride bei 15 Meteore pro Stonn, awer et gëtt och onregelméisseg Aktivitéitserhéijungen. Bei der leschter Aktivitéitserhéijung am Joer 1982 goufen am Dag vum Aktivitéitsmaximum 3 bis 5 Meteore pro Minutt gesinn.
De Radiant vun de Lyride läit am westlechen Areal vum Stärebild Lyra, zimlech no beim Haaptstär Vega. De Mammekierper (Urspronkskoméit) ass de Koméit C/1861 G1 Thatcher.