Léon de la Fontaine

Vu Wikipedia
Léon de la Fontaine
Gebuer 18. November 1819
Lëtzebuerg
Gestuerwen 5. Februar 1892
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Botaniker, Affekot, Politiker
Member vun Assemblée constituante vun 1848
Famill
Papp Gaspard-Théodore-Ignace de la Fontaine
Mamm Joséphine Francq
Geschwëster Edmond de la Fontaine, Alphonse de la Fontaine
De Léon de la Fontaine ass um Nikloskierfecht begruewen.

De François Joseph Albert Léon de la Fontaine, gebuer den 18. November 1819 zu Lëtzebuerg an do[1] gestuerwen de 5. Februar 1892, war e lëtzebuergeschen Affekot, Politiker a Botaniker.

Den 21. Mee 1848 gouf hie Member vun der Constituante, wou hien de Charles Munchen, deen an d'Frankfurter Nationalversammlung geschéckt gouf, ersat huet.[2] Vum 14. Dezember 1866 bis den 18. Juni 1867 war hien Directeur général (Minister) vun der Justiz an, am Ufank, och vun de Finanzen an der Regierung de Tornaco.[3]

De Léon de la Fontaine war vun 1867 u membre agrégé (membre correspondant) vun der Société des Sciences naturelles,[4] der spéiderer wëssenschaftlecher Sektioun vum Institut grand-ducal, a Grënnungsmember vun der botanescher Gesellschaft (Société de botanique oder Société botanique).[5] Hien huet sech besonnesch fir Pteridophyten (Faren) intresséiert.

De Léon de la Fontaine hat sech de 27. Februar 1852 mat der Anne Marie Jos. Fr. Collart (1827-1893), der Duechter vum Charles Joseph Collart (1775-1841), bestuet. Hie war de Fils vum Théodore de la Fontaine an de Brudder vum Edmond de la Fontaine ("Dicks") a vum Alphonse de la Fontaine.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Fontaine, Léon de la (1885): Notiz zu "Polypodium aculeatum, Linné". (An den botanischen Verein zu Luxemburg). Recueil des Mémoires et des Travaux publiés par la Société botanique du G.-D. de Luxembourg, 9-10 (1883-1884): 101-152.[3]
  • Fontaine, Léon de la (1886): Notiz zu Asplenium germanicum, Weis. (Aspl. Brenii, Retz; Aspl. murale, Bernh.; Aspl. alternifolium, Jacq.). Recueil des Mémoires et des Travaux publiés par la Société botanique du G.-D. de Luxembourg, 11(1885-1886): 69-89.[4]
  • Fontaine, Léon de la (1886): Notice sur les Fougères de la flore luxembourgeoise. Rapport lu en séance du 19 décembre 1885, sur les Fougères trouvées par M. Reisen, en Ardennes. Recueil des Mémoires et des Travaux publiés par la Société botanique du G.-D. de Luxembourg 11(1885-1886), 90-126.[5]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Anonyme (1999): Personnagen: Léon de la Fontaine, “De Schnorré”. Lëtzebuerger Journal 1999, Nr. 220 (18. Nov.): 21.
  • Friedrich, Evy (1981): Kalennerblieder. Bd. 3. Lëtzebuerg, J.P. Krippler, 395 p. (Léon de la Fontaine: 43).
  • Mersch, Jules (1956): La famille de la Fontaine. Biographie nationale du pays de Luxembourg, fasc. 7: 39-132 (Léon de la Fontaine: 101-110). [6]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. G. Spedener (1937): Die im Luxemburger Lande lebten und webten. Biographische Notizen. Grevenmacher, P. Faber, S. 27.
  2. J. Mersch (1956), S. 101.
    Den Alexander Koenig (1923): Berühmte Moselaner. Grevenmacher, Neue Mosel-Zeitung (Mich. Braun), S. 24, schreift, de Léon de la Fontaine hätt de Kanton Réimech an der Ständeversammlung vom 15. Abrëll u bis den 28. Juli 1848 vertrueden a wier Sekretär vun der "Constituante" gewiescht.
  3. G. Thewes (2006): Les Gouvernements du Grand-Duché de Luxembourg depuis 1848. Luxembourg. Service Information et Presse, S. 29.[1]
  4. Bulletin de la Société des Sciences naturelles du Grand-Duché de Luxembourg, 10 (1867-1868), S. 272.
  5. J.A. Massard (1990): La Société des Naturalistes Luxembourgeois du point de vue historique. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 91: 16ss.[2]