Lëscht vun de lëtzebuergesche Riedensaarten

Vu Wikipedia

Dës Lëscht vun de lëtzebuergesche Riedensaarten ass en Deel vun de Referenztabellen.

Index A B C D E F G H I J K L M N O P Q R S T U V W X Y Z

A[änneren | Quelltext änneren]

  • En A op ee geheien (an ee verléift sinn)
  • Een am A behalen (op een oppassen, een observéieren)
  • Mam lénksen A an déi riets Täsch kucken (balucken)
  • En A zoudrécken (maache wéi wann een eppes net gesinn/an Uecht geholl hätt)
  • Een op d'A drécken (een uschmieren)
  • D'Aen aus dem Kapp kaschten (ganz vill kaschten) [1]
  • Wann d'Aarbecht räich méich, da wier den Iesel méi räich ewéi de Mëller (schwéier schaffe mécht sech net ëmmer bezuelt)
  • Besser e midden Aarm wéi en eidelen Daarm (besser ze schaffe wéi Honger ze hunn)
  • Sech wéi d'Aaxt am Bësch behuelen (sech total donieft behuelen)
  • Do ginn engem d'Aen op wéi Ginzescheeken
  • Een Af mécht der honnert (engem eng Topegkeet nomaachen)
  • Diedege wéi en Affekot (argumentéieren ouni onbedéngt bei der Wourecht ze bleiwen)
  • Se net méi all hunn (eppes Oniwwerluechtes, Verrécktes maachen)
  • Näischt gesot ass och eng Äntwert
  • Een Apel fir den Duuscht (eng Reserve fir schwéier Zäiten)
  • Äppel a Biere vergläichen (zwou Saache matenee vergläichen déi näischt mateneen ze dinn hunn)
  • Den Aarsch op hunn (se net méi all hunn)
  • En Aarsch wéi e Brauereispäerd hunn
  • Een Aarschkrécher (een, deen iwwerméisseg schmeechelt)
  • Briech der d'Auer net (ëmmer mat der Rou, iwwerhuel dech net)

B[änneren | Quelltext änneren]

  • D'Baach eragoen (wann aus eppes näischt gëtt, zerstéieren, futti maachen, eppes verléieren)
  • Bal ass (nach) keng Maus an der Fal
  • Een op de Bam dreiwen (ee rose maachen)
  • Duerch d'Bascht sinn (sech ewech maachen, fort goen)
  • Sech de Batti stellen (sech den Domme stellen, Topegkeete maachen)
  • Wat de Bauer net kennt, dat frësst en net (wat een net kennt, dat wëllt een net)
  • Deen dommste Bauer huet déi déckste Gromperen (och domm Leit kënne Chance hunn)
  • Engem de Bauch pinselen (engem schmeechelen)
  • Vu lauter Beem de Bësch net méi gesinn (eppes net erkennen obwuel et no läit)
  • Béimescht Duerf
  • D'Bengele bei d'Tromm geheien (ophalen, opginn)
  • Am Bësch sinn (näischt matkréien)
  • Keen Holz mat an de Bësch huelen
  • Wéi een an de Bësch rifft, sou schaalt et erëm
  • Déi Gutt sinn déi Bescht an du bass där keen (auswäichend Äntwert op eng generell Fro)
  • De Bëseler hunn (wibbeleg, nervös sinn)
  • Besser ass besser sot d'Fra, dunn huet se d'Ham an der Mëllech gekacht
  • Elo ass d'Bëtschel fett! (elo ass et ze spéit, fir nach eppes un der Situatioun ze änneren)
  • Sech wéi e Bettseecher schummen
  • Et gi fréi Bieren (et muss ee fréi opstoen)
  • Iwwer de Bierg sinn (wann et engem besser geet)och: iwwer dem Kand sinn
  • Aus Maulefskéip Bierger maachen (iwwerdreiwen)
  • Léie wéi e Biischtebënner
  • Saufe wéi e Biischtebënner
  • Kee Blat virun de Mond huelen (riicht eraus schwätzen)
  • Blech schwätzen (Dommheeten erzielen)
  • Blo a rout ass Baueremoud (eppes passt net zesummen)
  • Vun tuten a blose keng Anung hunn
  • Bludde wéi e Rand (immens bludden)
  • Blutt geleckt hunn (wann ee sech mat eppes befaasst, dat een duerno net méi lass léisst)
  • Engem weise wou de Bock d'Lach huet
  • Rutsch mer dach de Bockel erof (du kanns mech emol)
  • De Botter vun der Schmier rappen
  • Si huet d'Box un (d'Fra ass Meeschter am Stot)
  • Nëmmen eng Box am Aarsch gehat hunn (fréier ganz onbemëttelt gewiescht sinn)
  • Engem duerch siwe Boxen an den Aarsch kucken (onverschimmt indiskreet sinn)
  • D'Box voll hunn (Angscht hunn, es genuch hunn)
  • Dee Kärel schwätzt nëmme Brach (dee Kärel seet nëmmen Dommheeten)
  • Ëm de Bräi fueren (net riicht eraus froen)
  • Engem mol de Brëll opdoen (een emol richteg opklären)
  • Brëlle wéi e Mauliesel (haart jäizen)
  • Eng Brickett bäileeën
  • Brenne wéi Zitz (eppes wat ganz liicht a séier brennt)
  • Eng mat der Broutschéiss hunn (verréckt sinn)
  • Sech een/eppes op d'Broscht huelen (sech mat eppes intensiv beschäftegen)
  • En ass Buergermeeschter ginn (en huet den Heewon ëmgetippt)
  • Kloer wéi Bullettszopp (ganz kloer)
  • Wat de Bauer net kennt dat frësst en net (ni eppes Neies ausprobéiere wëllen)
  • A ratsch mat der Bom duerch d'Kichen.

C[änneren | Quelltext änneren]

  • Wéi e Camion kucken (verwonnert sinn)

D[änneren | Quelltext änneren]

  • Schéck en Dabo an de Bësch, da kriss de en Eefalt erëm
  • Eng mat der Dänn hunn (verréckt sinn)
  • Mat der Dier an d'Haus falen (eppes ganz ondiplomatesch riichteraus soen)
  • Ee virun d'Dier setzen (een aus der Wunneng geheien)
  • Viru senger eegener Dier kieren (sech ëm seng eege Saache bekëmmeren)
  • Gi mer virun d'Dier? Oder soll ech den Trottoir erabréngen? (wann een eng Kläpperei well ufänken)
  • Engem den Diks riichten (engem d'Meenung soen; een op d'Plaz setzen)
  • Domm gaangen
  • Domm gebuer, näischt geléiert an d'Hallschent vergiess
  • Domm si wéi siwe Schëppe Kazebräi
  • Domm si wéi siwe Sai knaschteg
  • Domm wéi Stréi
  • En ass en Dräibiz
  • am Donkelen ass gutt monkelen
  • am Donkele fëschen
  • Dreck schauert de Mo (et deet näischt och wann de Kascht net ganz propper ass)
  • Dronkenellen ausgoen
  • Iwwer den Duuscht gedronk
    • Eng am Been hunn
    • Eng am Biz
    • Eng am Kanelli
    • De Kenki voll
    • D'Panz voll
    • Schif gelueden
    • De Kenki gediebelt
    • Eng am Gënz
  • Engem en Dar am A sinn (et geet deem net, et passt deem net)

E[änneren | Quelltext änneren]

  • Fir e Gräppche voll Freed, en Teimer voll Leed
  • Engem gläiche wéi een Ee deem aneren (bal d'selwecht ausgesinn)
  • Den Eefalt markéieren
  • Engem den Eefalt stäipen (ee (finanziell) ënnerstëtzen, obwuel deen den Eefalt markéiert)
  • En Eck ewech hunn (verréckt sinn)
  • Een ëm den Eck bréngen
  • Eppes aus dem Effeff kënnen
  • Elle wéi d'Nuecht sinn (net schéi sinn)
  • Ëmgedréint ass och gefuer (et geet och anescht)
  • Mat den Enner zesummekommen
  • Sech an eppes erareiden (an eng komplizéiert Situatioun geroden)

F[änneren | Quelltext änneren]

  • Faarf bekennen (soen zu wiem een hält)
  • Dat schléit dem Faass de Buedem aus
  • Dat bréngt d'Faass zum Iwwerlafen
  • Duerch d'Fale léieren d'Kanner goen
  • De Fanger nach an d'Wonn leeën (eppes nach méi schlëmm maache wéi et schonn ass)
  • Engem e Fanger maachen
  • Op d'Fangere kucken
  • Duerch d'Fangere kucken
  • Seng Fangeren am Spill hunn (eppes mat eppes ze dinn hunn)
  • Danze wéi d'Fatz um Bengel
  • Op eppes passe wéi d'Fauscht op d'A (gutt beienee passen)
  • Feier an der Box hunn
  • Feier a Flam sinn (begeeschtert vun eppes sinn)
  • Erëm op d'Féiss falen
  • Mat zwéi Féiss um Buedem stoen (e gesonde Mënscheverstand hunn)
  • Kal Féiss kréien
  • Fëmme wéi e Schaarschtech
  • Fëmme wéi en Tierk
  • D'Fléi néitsen héieren (luusseg sinn)
  • Fräschen am Bauch hunn
  • De Fuedem verléieren (duerch eppes gestéiert ginn, an doduerch net méi wëssen, wat ee soen oder maache wollt.)
  • E Fouss hannebäi kréien (kee Merci kréien)
  • Kee Fouss faassen
  • E Fuerz queesch hunn
  • E Fuerz am Kapp hunn
  • maach elo hei keng Fisematenten

G[änneren | Quelltext änneren]

  • Laache wéi e Geck
  • Gecke sinn och Leit, just keng wéi déi aner
  • Gedeessems maachen (eppes opféieren)
  • Vun alle gudde Geeschter verlooss sinn (verréckt sinn)
  • Erziel mer net d'Geschicht vun der grénger Geess (Erziel mer kee Märchen)
  • Gehäit sinn
  • Géi mat Gott, awer géi
  • Eppes an de Gënz setzen (an d'Bréch goen)
  • Vill Geschwätz a wéineg Fett mécht moer Zoppen
  • Gestengegt ginn (Grouss Virwërf gemaach kréien)
  • De Gëtschel an d'Luucht hiewen (fréi opstoen)
  • An d'Gette goen (vu Schwächt zesummebriechen)
  • Getten zéien (fortlafen)
  • En huet an de Giischter Pëtz gekuckt (bezeechent e liichtgleewege Mënsch)
  • D'Gléck geet dem Soff no
  • Vill Gléck am neie Joer!
  • Gottes Waasser iwwer Gottes Land lafe loossen
  • An d'Gras bäissen (stierwen)
  • D'Gras wuessen héieren
  • Gréngs glëschten
  • Hues de schonn ee grénge Fuuss gesinn??
  • Hien ass net ganz gebak (hien ass net gescheit)
  • Hien ass geklaakt ginn (hien ass zur Rechenschaft gezunn ginn

H[änneren | Quelltext änneren]

  • Et ass mer net hanne wéi vir (et ass mer net gutt)
  • Hien ass en Haalwerweis (hien ass net ganz gescheit)
  • Keng Hamen a keng Mamen hunn
  • Vun der Hand an de Mond (oder: den Zant) liewen (näischt op d'Säit leeën, all Su ausginn)
  • D'Hand iwwer een halen
  • Eng Hand wäscht déi aner
  • Aus der Haut fueren
  • Een hanne lecken
  • Senger Hänn kee Rot wëssen
  • Hätten an haten, dat sinn (waren) zwéin aarmer Staaten
  • Net vun der Heck gepléckt sinn
  • Mat der Heibleifskärche fueren (doheem Vakanz maachen)
  • Knaschteg wéi en Héil (ganz knaschteg)
  • An d'Héiluucht goen
  • Héieresoen ass hallef gelunn
  • Eng Laach hu wéi eng Héngerseech
  • Den Hënneschten ersielt kréien (een op den Hënner schloen)
  • Mengen et hätt een der Herrgott mat der décker Zéif (menge wat wonnesch datt een hätt)
  • Vun Hippches (oder Hëppches) op Hapches sprangen (vun engem Theema op en anert wiesselen)
  • Hoer op der Zong hunn
  • Et gëtt Holz op e getässelt (ee gedam maachen)
  • Hatt huet vill Holz virun der Dier (d'Framënsch huet eng grouss Broscht)
  • Falschen Hond
  • Den Hond hänke goen (auswäichend Äntwert op d'Fro wou een higeet)
  • Do läit den Hond begruewen
  • Dem Honn hanne leien
  • Bekannt sinn, wéi e bonten Hond
  • Wann den Hond net geschass hätt, dann hätt en den Hues kritt (gëff kengem aneren d'Schold wann dir eppes net geléngt)
  • Houfert leit Gewalt (wien houfereg ass, muss vill erdroe kënnen)
  • Engem geet den Hutt héich
  • Beim Huwwele fale Spéin (et gëtt näischt ëmsoss; et muss een och Nodeeler a Kaf huelen)

I[änneren | Quelltext änneren]

  • Ech hunn es esou sat wéi d'Kaz där kaler Ierbessen
  • Véierel op kal Ierbessen, wa se waarm si kriss de se z'iessen (auswäichend Äntwert op d'Fro wéi vill Auer et ass)
  • E gudden Iesel stéisst sech nëmmen eemol

J[änneren | Quelltext änneren]

  • Zu eppes Jo an Amen soen
  • D'Jore ginn, den Eefalt bleift (een deen ëmmer nees déi selwecht Feeler mécht)
  • Mäi léiwe Jolli
  • Soss hëlt dech der Jomer

K[änneren | Quelltext änneren]

  • Kabes schwätzen
  • Un engem sengem Käfeg rabbelen
  • Souvill vun eppes verstoe wéi d'Kallef vun der Houmass
  • Kalenneren (mat de Gedanke vun eppes net méi lass kommen; (de)grübeln)
  • D'Kanner kommen éischter wéi d'Renten
  • Wat een net am Kapp huet, dat huet een an de Been
  • Kapp a Fouss hunn
  • Kapp an Aarsch matenee sinn
  • Dat huet kee Kapp a kee Schwanz!
  • Mam Kapp duerch d'Mauer goen
  • Säi Kapp a Rou leeën
  • Iwwerall dobäi si wou eng Kaz geschleeft gëtt
  • Leck d'Kaz an der Täsch
  • Leck d'Kaz do wou se keng Buuschten huet
  • Fir d'Kaz sinn
  • D'Kaz duerch Baach schleefen
  • Do fënnt keng Kaz hir Jong méi erëm (do fënnt ee guer näischt méi erëm)
  • Eng Kaz am Sak kafen
  • Goe wou de Keeser zu Fouss geet (op d'Toilette goen)
  • Sech op de Kënn späizen
  • De Kéis hunn (d'Flemm mat eppes hunn)
  • De Kéis kréien (vernannt ginn)
  • Kënns de net haut, da kënns de muer (seet een, wann en anere sech (ze) vill Zäit léisst)
  • Aus der Këscht sprangen (stënterlech d'Beherrschung verléieren a ganz rose ginn)
  • Et gëtt méi Ketten ewéi rosen Honn (et ass derfir gesuergt, datt d'Reegelen agehale ginn)
  • Maachen datt d'Kierch am Duerf bleift
  • D'Kierch am Duerf loossen (net iwwerdreiwen)
  • Aarm wéi eng Kierchemaus
  • Wien op d'Kiermes geet, verléiert seng Plaz
  • Mat him ass et net gutt Kiischten iessen
  • Gewuer gi wat d'Pond Kiischte kascht
  • Ënner aller Klarinett sinn (ganz schlecht sinn)
  • Net aus de Kleeder kommen
  • Nach un de Kleesche gleewen (naiv sinn)
  • Du kanns mech klibberen (ech brauch Dech net)
  • Deen huet d'Klibbersuen nach an der Täsch (deen ass knéckeg)
  • T'ass net de schäerfste Knäip am Tirang (en huet d'Polver net erfonnt; en ass net dee cleversten)
  • Eppes iwwer de Knéi briechen
  • D'Knëppele bei d'Tromm geheien (opginn)
  • Mat engem Kapp an Aarsch sinn (mat engem eng onzertrennlech Frëndschaft hunn)
  • Hien huet keng Gutt an der Kopp! (hie stiicht der stänneg)
  • Eng Kosettchen halen (iwwer Gott an d'Welt schwätzen)
  • Dra kucke wéi eng Kou, déi an d'Baach pisst
  • Kraache Kar (een deen al, teekelech a kränklech ass)
  • D'Kräiz iwwer eppes maachen
  • Do läit d'Kromm an der Heck (do ass de Problem!)
  • Engem e Kuerf ginn (engem Freier oder enger Freiesch nee soen oder e/se verloossen)
  • Bäi engem duerch de Kuerf sinn (bei engem näischt méi ze radetten hunn)
  • Besser eng Kuuscht am Sak (an der Täsch) wéi eng Fieder um Hutt (sech léiwer mat eppes méi Klengem zefridde ginn wéi mat eppes Groussem wat ee vläicht net erreeche kann)
  • Kuuschteg sinn (oder: ginn) (knéckeg sinn)
  • En ass do wéi d'Kugel aus der Flënt
  • Mir wäerten dat Kand scho schaukelen
  • Kotzeg ginn (beleidegt ginn)
  • Hien ass sou gescheit wéi e Koup Kräsi
  • Et geet een esou al ewéi eng Kou an et léiert een nach ëmmer derzou!
  • Dat geet op keng Kouhaut!
  • En Aarsch wéi e Kasärestack hunn

L[änneren | Quelltext änneren]

  • Wien et laang huet, léisst et laang hänken (wie vill Suen huet, weist et)
  • Um leschte Lach päifen
  • D'Lach hunn (erausgoen)
  • An d'Lach kucken
  • Engem Lächer an de Bauch froen
  • Et ass net d'Lämmchen, wéi en de Pelz dréit
  • Vum Lämmes gebass sinn (domm sinn)
  • Een éiweg um Läpp hunn (een ëmmer hanneru sech hunn an em net lass ginn)
  • D'Läppen hänke loossen (traureg sinn)
  • De Läffel ofginn
  • D'Läffele spëtzen (gutt nolauschteren)
  • Eng bei d'Läffele ginn
  • Mat sengem Latäin um Enn sinn (net méi weider wëssen)
  • Iwwer ee Leescht gezu sinn
  • Ee lénks leie loossen
  • Léie wéi gedréckt
  • Engem d'Lewitte liesen
  • Fräi vun der Liewer erof schwätzen (riichteraus an ouni Hemmunge schwätzen)[2]
  • Et ass him eng Laus/Spann iwwer d'Liewer gelaf (hien/hatt ass rosen)[2]
  • Hien/hatt huet d'Liewer geschwollen (hien/hatt ass rosen)[2]
  • Eng dréche Liewer hunn (gären Alkohol drénken)[3]
  • Ee bei d'Lisett loossen (een uschmieren, hannergoen, wéckelen)
  • D'Lompe fänken un ze sténken (d'Affär gëtt brenzeleg)
  • Vun der Long op d'Zong (seng Meenung soen, ouni op anerer Rücksicht ze huelen)
  • E Luussert sinn

M[änneren | Quelltext änneren]

  • Sech de schéine Männche maachen
  • O Mamm, o Kanner!
  • Wann d'Mais sat sinn, ass d'Miel batter (seet een, wann ee glott gëtt, well ee sat ass)
  • Een op d'Maul schloen, datt d'Zänn em am Aasch Piano spillen
  • Si sinn am Gaang ze maulafen
  • Mir fäerte keng Maus, a wann et e Ritt wier!
  • Wëssen, wou een der Méck d'Blutt hëlt
  • Eng Méck maachen
  • Ugi wéi e Sak voll plakeg Mécken
  • Ëmfale wéi d'Mécken
  • Nuets vu plakege Mécke dreemen
  • Et muss ee mat deenen Meedercher danzen, déi do sinn
  • Mengen a Botter schäissen ass zweeërlee (cf. een dee mengt, dee weess näischt)
  • Da meng alt!
  • Een dee mengt, dee weess näischt (een dee seet "ech mengen", deen ass sech net sécher vun deem wat en erzielt)
  • Midd wéi siwe Mickymausen
  • Ech kréie Mippercher (ech sinn zimmlech genervt)
  • Mir näischt, dir näischt (einfach sou, klammheemlech)
  • Moie Misch! (zum Ausdrock bréngen, datt een net sou domm ass, bei eppes matzemaachen oder sech uschäissen ze loossen)
  • Et ass ee wéi der Giedel hire Mischi
  • Mokes op den Dokes (der e puer op den Hënneschte kréien)
  • Mokuchsdag (en Dag deen ni kënnt)
  • Hanner dem Mound liewen (net Bescheed wëssen, net um aktuelle Stand sinn)

N[änneren | Quelltext änneren]

  • En huet den Näischnotz am Gesiicht stoen (en huet eng Wëlles)
  • Neel mat Käpp maachen
  • Nidderträchteg si wéi en Iesel voller Fierz
  • Glat wéi en Nonnebauch
  • Nonnefleesch u sech hunn
  • Eng op d'Noss kréien (oder: engem eng op d'Noss ginn)
  • Dat preisescht Nuesschnappech huelen
  • Lauter Nullekackerten! (déi näischt fäerdeg bréngen...)

O[änneren | Quelltext änneren]

  • D'Kar virun den Ochs spanen
  • Do stoe wéi den Ochs virum Bierg
  • Säin Otem spueren
  • Ganz Ouer sinn
  • Sech eppes hanner d'Ouere schreiwen
  • Nach net dréchen hanner den Ouere sinn (ze jong sinn, nach keng Erfarung hunn)
  • Nach gréng hanner den Oueren sinn (cf. nach net dréchen hanner den Ouere sinn)
  • Schreif der et hanner d'Oueren

P[änneren | Quelltext änneren]

  • Op d'héicht Päerd klammen (oder: um héije Päerd sinn) (sech opbauschen, sech eräiferen, keng Widderried akzeptéieren)
  • Säi Pak huelen (opginn)
  • Säi Pak maache (fortgoen)
  • Engem de Paltong zéien
  • Eng mat der Pan hunn
  • D'Panz gerappt kréien (oder: eng Panzrappecht kréien) (vernannt ginn)
  • D'Panz schwenken (zum Beschte ginn)
  • Et sinn der méi am Patt erdronk wéi am Pull (den Alkohol fuerdert méi Doudesaffer wéi d'Mier)
  • Mengen, et misst een an e Patt fuerzen
  • Géi dohin, wou de Peffer wiisst!
  • Säi Pefferkär bäiginn (säi Kommentar ofginn)
  • Gerëscht wéi e Péngschtochs
  • Elo läit d'Kand am Pëtz oder Wann d'Kand am Pëtz läit kënnt en Deckel drop (ze spéit reagéieren)
  • Dat pickt mech kee Meter (dat interesséiert mech iwwerhaapt net)
  • Mat allem Pipapo
  • Eng Piss ouni Fuerz ass wéi eng Kap ouni Stuerz
  • Deele wéi d'Pissinger mat de Kueben (ongerecht deelen)
  • Engem Plakegen an d'Täsch gräifen (eppes vun engem verlaangen, deen näischt huet)
  • Een op d'Plaz setzen
  • En huet d'Polver net erfonnt (en ass net dee cleversten)
  • Gewuer ginn, wat d'Pond Kiischte kaschten
  • Wou et d'Moud ass, séngt e Pompernéckel an der Kierch (oder: wou et Moud ass, gëtt de Pompernéckel an der Kierch gesongen)
  • vu Pontius op Pilatus (vun engem Theema op en anert wiesselen)
  • Et gëtt erëm alles gutt, et ass nach Pudding am Schaf (Erweiderung:...dofir ass awer kee Läffel méi do)

Q[änneren | Quelltext änneren]

  • Quecksëlwer an den Oderen hunn
  • Quetschen och (äntwert een als Protest op eppes, woumat een net averstanen ass)

R[änneren | Quelltext änneren]

  • Näischt ze radetten hunn (näischt ze soen hunn)
  • Rapp a Klapp sinn
  • Eng mat der Ratsch hunn (net ganz normal, verréckt sinn)
  • Ech hu Ree gelueden (ech si granzeg)
  • Aus der Rei danzen
  • Sech elle gerëselt hunn (vill Gewiicht ofgeholl hunn)
  • Näischt ze räissen an näischt ze bäissen

S[änneren | Quelltext änneren]

  • Aner Säiten opzéien (sech änneren; méi streng ginn)
  • Iess Salz, da gëss de duuschtereg (als Äntwert op de Saz "Ech sinn hongereg."; meeschtens wann de Saz vu Kanner kënnt déi quengeleg sinn a sech net ginn)
  • Engem eppes op eng Salztut schreiwen
  • Op Sand bauen
  • Renne wéi eng Sau
  • Déi faulste Sau huet ëmmer de gréissten Trach (vill Suen a wéineg Aarbecht)
  • Drafache wéi d'Sau an de Bräi
  • Se net méi all am Schaf hunn (duerchgedréint)
  • Ech sinn am Schapp (z. B. no enger Mëttesrascht nach net ganz fit sinn)
  • Domm wéi siwe Schappe Schäissdreck sinn
  • En ass d'Scheefchen net wéi en d'Woll dréit
  • Mat der Scheierpaart wénken
  • Op d'Schëff schécken (eng Fra oder e Mann verloossen)
  • Ee Schëmmel a Bless vernennen
  • Eng Schëpp bäileeën (méi séier maachen)
  • Een op d'Schëpp huelen (den Uz mat engem dreiwen)
  • Rënne wéi eng Seibecken
  • Séier wéi de Blëtz
  • Engem op d'Schlapp(e) (oder: d'Strëmp) goen (engem op d'Nerve goen)
  • D'Schlappe verléieren (iwwerfuerdert sinn)
  • Schlofe wéi e Rat
  • Schlofe wéi e Muermeldéier
  • Eng am Schna hunn (en huet eng Wëlles)
  • eng Schnëss déi ass net voll ze schäissen
  • Un de Schnësser erkennt een d'Schwäin
  • Et ass fir op e Schof ze klammen, a wann et nëmmen ass fir méi wäit ze kucken
  • D'schwaarzt Schof sinn
  • Schong (oder: Schlappen) an Huese verléieren
  • Him geet eng Späicherliicht op (op eemol begräift hien, ëm wat et geet)
  • eng Schrauf labber hunn
  • Schwamme wéi eng bläien Int
  • Engem eppes schwaarz op wäiss ginn
  • Schwätz oder schäiss Buschtawen
  • Schweesse wéi eng Sängerin (immens schweessen)
  • En ass an d'Schwämm Billjeeë rappen
  • De Schwanz bäizéien
  • mat Kanounen op Spatze schéissen
  • Dat do ass Speck a Schwéngefleesch (dat ass eent an dat selwecht)
  • Spéin hunn
  • Sech eppes hanner de Spigel stiechen
  • Sech aus dem Stëbs maachen (fortlafen)
  • Um leschte Steiwer wunnen
  • Engem net fir fënnef Su trauen
  • Hie fënnt keen naasse Steen am Waasser

T[änneren | Quelltext änneren]

  • Um Teppech bleiwen
  • Den Trick 17
  • Vun Tuten a Blose keng Anung hunn (vun näischt eng Anung hunn)
  • A fir de Rescht Telleren an Tasen (wann een Deel interessant/wichteg ass an de Rescht net)

U[änneren | Quelltext änneren]

  • Wien iwwer den Ues kënnt, dee kënnt och iwwer de Schwanz (wien dat Schwéiert gepackt huet, dee packt och nach de klenge Rescht)
  • Ugi wéi eng Tut plakeg Mécken (sech immens bretzen)

V[änneren | Quelltext änneren]

  • Vir bäi an hanne widder sinn
  • Verhouert wéi dem Jupp säin Iesel
  • E Vull fir d'Kaz (en hoffnungslose Fall)

W[änneren | Quelltext änneren]

  • Waasser a säi Wäi schëdden (e Kompromëss agoen)
  • Ze no um Waasser gebaut hunn (ufänke mat kräischen)
  • Mat alle Waassere gewäsch sinn
  • Watschele wéi eng Gäns
  • Engem op de Wecker goen
  • Well ass keng Äntwert
  • Déi Wëll, déi lafen am Bësch (gëtt meeschtens als Äntwert benotzt fir kleng Kanner déi quengeleg sinn, an onbedéngt eppes "wëllen" hunn)
  • Engem d'Wierder am Mond verdréinen
  • Seng Wierder friesse mussen
  • Engem de Wiermchen zéien (ee mat Froe buere bis datt een endlech déi ganz Geschicht oder hire Fong héieren huet)
  • Den Honger dreift de Wollef aus dem Bësch
  • De Wollef am Schofspelz
  • Dat lescht Wuert hunn

X[änneren | Quelltext änneren]

Y[änneren | Quelltext änneren]

  • Y ass net Z

Z[änneren | Quelltext änneren]

  • Engem d'Zänn weisen
  • Datt Zänn am Aarsch Piano spillen
  • Um Zännfleesch lafen
  • Gutt doe bis an déi déck Zéif
  • Engem eng Zigar verpassen
  • Engem mam Aarsch an d'Zänn sprangen
  • Engem op den Zant fillen
  • En Zant zouleeën (méi séier maachen; et geet riets vun den Zänn vun engem Héil)
  • Wéi eng naass Zeitung (wann eppes schlecht ass)
  • Ziddere wéi Espelaf
  • Engem Zocker an den Aarsch blosen
  • Zodi maachen (oder: schloen)
  • Et gëtt Zopp an z'iessen
  • Zoppnaass sinn (ganz naass sinn)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Luxemburger Wörterbuch. Gekuckt de(n) 19. Juli 2020.
  2. 2,0 2,1 2,2 "Liewer" am Luxemburger Wörterbuch
  3. "dréchen, drëchen" am Luxemburger Wörterbuch