M'banza Kongo

Vu Wikipedia
M'banza Kongo
Land Angola
Vewaltungseenheet Zaire
Awunner 148.000
  2014
Fläch 7.651[1]
Héicht 570[2]
Koordinaten 06° 16’ 00’’ S
      14° 14’ 00’’ O
Websäit /

M'banza Kongo (och nach M'Banza Congo oder Mbanza Kôngo geschriwwen) ass d'Haaptstad vun der angolanescher Provënz Zaire am Nordweste vum Land. Si läit no bei der Grenz mat der Demokratescher Republik Kongo a war d'Haaptstad vum fréiere Kongoräich.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

M'banza Kongo ass am 13. Joerhonnert gegrënnt ginn. Si war d'politesch a spirituell Haaptstad vum Kongoräich (Kongo dya Ntotela), engem vun de gréisste Räicher am südlechen Deel vun Afrika tëscht dem 14. an 19. Joerhonnert. D'Stad ass ronderëm de kinneklechen Haff, den traditionelle Geriichtshaff an d'kinneklech Griewer gewuess. Wéi d'Portugisen am 15. Joerhonnert an d'Regioun koumen, hu si nieft d'Gebaier aus lokalem Material, déi do stoungen, déi éischt Gebaier aus Stee gebaut.[2]

M'banza Kongo illustréiert besonnesch gutt déi déifgrënneg Ännerungen, déi d'Aféierung vum Chrëschtentum an d'Komme vun de Portugisen an Zentralafrika mat sech bruecht hunn.[2]

D'Stad hat verschidden Nimm éier se vun de Portugisen São Salvador do Congo genannt gouf.[1],[3] Bis an d'17. Joerhonnert war se déi gréisst Stad op der Küst vun Zentralafrika, mat 40.000 lokalen a 4.000 europäeschen Awunner.[1][4] Och nom gëllenen Zäitalter vum Kongoräich, vun deem M'banza-Kongo den Zentrum war, huet d'Stad seng mystesch a spirituell Roll fir déi Leit, déi Kikongo schwätzen, bäibehalen.[1]

2017 ass den historeschen Zentrum vun der Stad op d'Lëscht vun den UNESCO-Weltierwe gesat ginn.[5]

Déi gréisst Bevëlkerungsgrupp sinn d'Bakongo an déi am heefegst geschwate Sprooche si Portugisesch a Kikongo.[4]

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

M'banza Kongo läit ronn 160 km südestlech vun Nóqui, dem nooste Punkt um Kongofloss.[6]

Donnéeë vum däitsche Wiederdéngscht no louch d'Duerchschnëttstemperatur an der Stad tëscht 1920 an 1952 bei 23,2 Grad Celsius an den Duerchschnëttsnéierschlag bei 1299 mm pro Joer.[7]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: M'Banza Kongo – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 A Semana: Angola: Centro histórico da cidade angolana de Mbanza Kongo declarado património mundial (10. Juli 2017)
  2. 2,0 2,1 2,2 Beschreiwung vum Weltkulturierwen M'banza-Kongo um Site vun der UNESCO (gekuckt den 1. November 2017)
  3. Agência Angola Press: Zaire: Mbanza Kongo e sua história na África Central (8. Juli 2017)
  4. 4,0 4,1 Agëncia Angola Press: Zaire: Mbanza Congo completa 510 anos de existência (24. Juli 2016)
  5. DW: Mbanza Congo declarada Património Mundial da Humanidade (9. Juli 2017)
  6. Encyclopædia Britannica: M'banza Congo (leschten Update: 27. Juli 2007)
  7. Deutscher Wetterdienst: Klimatafel von Mbanza Congo (Sao Salvador do Congo), Prov. Zaire / Angola (gekuckt den 2. Oktober 2017)