Mátyás Rákosi
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Mátyás Rákosi [ˈmaːcaːʃ ˈraːkoʃi], gebuer den 9. Mäerz 1892 zu Ada, Éisträich-Ungarn (haut Vojvodina, Serbien) als Mátyás Rosenfeld a gestuewen de 5. Februar 1971 zu Nischni Nowgorod, Sowjetunioun, war den de facto Chef vum kommunisteschen Ungarn tëscht 1945 an 1956; fir d'éischt als Generalsekretär vun der Ungarescher Kommunistescher Partei (1945-1948) an duerno als Generalsekretär vun der Ungarescher Aarbechterpartei (1948-1956) a war e Vertrieder vum stalinistesche Kommunismus.
Just virum ungaresche Opstand huet hien sech an d'Sowjetunioun duerch d'Bascht gemaach.


