Mädler (Moundkrater)

Vu Wikipedia
Mädler
Koordinaten 11°2'24"S, 29°45'36"O
Duerchmiesser 27,6 km
Déift 2.700 m
Genannt no Johann Heinrich Mädler
Genannt am Joer 1935
Moundvéiereck LQ20

Den Aschlagkrater Mädler steet op der südlecher Hemisphär vum Äerdmound. Hie läit an engem Moundmier, dat de Sinus Asperitatis am Norde mat dem Mare Nectaris am Südoste verbënnt. Am Weste steet den opfällege Krater Theophilus, an de Mädler läit an dëse Rampliausleefer.

De Kraterrand vum Mädler ass onreegelméisseg geformt an e bëssi an d'Längt gezunn. De Kraterbuedem gëtt vun enger Hiwwelketten duerchzunn, un déi sech eng niddreg Zentralspëtzt uleent.

Ëstlech vum Krater weise sech stralefërmeg Markéierungen, déi am Nordosten eng rankfërmeg Struktur aschléissen.

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mädler – Biller, Videoen oder Audiodateien