Mäerchen

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

E Mäerchen ass eng Prosaerzielung mat fantasteschen an iwwernatiirlechen Elementer.

D'Wuert kënnt aus dem alhéichdäitschen „mari“ (berühmt) an ass eng Diminutivform vum mëttelhéichdäitschen „maere“ (Noriicht).

D'Personal sinn am Allgemengen Feeën, Geeschter, Risen, Zwergen, Draachen déi Feier späizen, Déieren déi schwätzen, Geeschter déi alleguerten hëllefen, datt dat Gutt gewënnt oder och alt emol net.

Märercher sinn zanter Joerhonnerten mëndlech iwwerliwwert ginn. Dat sinn d'Volleksmärercher, déi méi spéit gesammelt goufen an an där Form nach haut bekannt sinn. Donieft gëtt et d'Konschtmärercher, déi besonnesch an der däitscher Romantik beléift waren.

Déi éischt Mäerchesammler[änneren | Quelltext änneren]

Den Italiener Giovanni Francesco Straparola mat senger Sammlung Le Piacevoli Notti (Déi ergëtzlech Nuechten) Iwwer dem Straparola säi Liewen ass sou gud wéi näischt bekannt; hien ass wahrscheinlech zu Caravaggio gebuer, huet zu Padua studéiert, zu Venedeg gelieft an ass do géint 1558 gestuerwen.

1557 koum dem Christoforo Armeno säin Pereginaggio di tre giovanni, figliolo del Re di Serendippozu Venedeg eraus, dat schonn en Treppléck ass zum d'Konschtmäerchen. Hei kritt de stierweskranke Kinnek a siwen Deeg siwe Geschichte erzielt, a sou gëtt hien erëm gesond.

Den Italiener Giambatista Basile 1575 bis 1632 mat Lo cunto de li Cunti (D'Mäerche vun der Märercher), dat 1634/37 postum zu Neapel erauskoum, an dat méi spéit « Il Pentamerone » genannt gouf. Dat Buch ass ganz an neapolitaneschem Dialekt geschriwwen, also an der Sprooch vum Vollek. Fënëf Deeg laang zielt eng erfonnte Grupp all Dag zéng Geschichten, an dat an enger zimlech gehäerzter Gaassesprooch.

De Pompeo Sarnelli 1649 bis 1724 koum aus Apulien, war Bëschof an huet säi „Posilechieata“ 1684 erausginn. Hei ass d'Rummhandlung eng Friess an enger Villa, wou vill giess a gedronk gëtt an dobäi vill erzielt gëtt.

De Perrault a seng Feeën[änneren | Quelltext änneren]

De Charles Perrault

De Charles Perrault 1628 bis 1703, e franséischen Auteur hat Recht studéiert mä zanter 1683 huet hie nëmmen nach geschriwwen. An der Querelle des Anciens et des Modernes, wou et derëm gaangen ass, ob all Zäit a Vollek seng eege kulturell Héchleeschtungen fäerdeg brénge kann, oder ob d'Wäerter vun der Antikitéit fir all Zäiten de Kompass fir all Kulture bleiwen, war de Perrault op der Säit vun de "Modernen". An deemselwegte Joer, 1697 bréngt hie seng Mäerchesammlung eraus, d'Histoires ou Contes du Temps passé, avec Moralitéz. De Perrault ass virsechteg, hie bréngt d'Buch enner dem Numm vu sengem zéng Joer ale Bouf eraus. Eréischt wéi et e grousse Succés war, huet hie sech dozou bekannt. An der Widmung, déi sech un d'Niess vum Kinnek riicht, ernimmt den Auteur, datt seng Geschichten all eng séier nëtzlech Moral hätten. A sengem Buch sinn néng Erzielungen, dovun aacht Volleksmärercher: La Belle au bois dormant (de Grimmbridder hiert Dornröschen), Le petit Chaperon rouge (d'Roudkäeppchen), Cendrillon (Aschenputtel). La Belle au bois dormant war schonn am Pentamerone ze fannen, do geet et awer e bësse méi däitlech hir: Dem Basile säi Prënz "erléist" och do d'Prinzessin, déi dovun Zwillingen op d'Welt setzt. Dem Perrault seng Geschichte bréngen et fäerdeg, datt vill Damme vum Haff sech dru ginn, fir och sou Geschichten ze schreiwen. Bis an dat uechzéngt Joerhonnert kommen nach eraus:

Mat der Zäit huet déi naiv Wonnerwelt sech awer nëmme nach ëm sech selwer gedréit.

Eppes ganz Neies an Exotesches[änneren | Quelltext änneren]

Den Antoine Galland huet géint 1700 déi orientalesch Erzielunge vun den Dausendaneng Nuecht entdeckt a se fräi iwwersat. Dovu waren eenzel Geschichte schonn a fréiere Joerhonnerte mëndlech an Europa geroden. Mä dat Wierk am Ganze war onbekannt. Dat war gellech nei. No an no huet sech den Orientalismus a ganz Europa breetgemaach. De Ballet, d'Oper, de Roman a souguer d'Miwwelen an de Wunnengen hu sech der neier Moud ugepasst. Bis do onbekannt Gewierzer, Museksinstrumenter, Haremen, Sultanen a Sklavinne sinn op der Bühn an am Buch opgedaucht.

D'Konschtmäerchen an Däitschland[änneren | Quelltext änneren]

De Christoph Martin Wieland[änneren | Quelltext änneren]

De Wieland, gemoolt vum Ferdinand Jagemann

Et ass de Christoph Martin Wieland, deen a sengem fréie Roman Die Abenteuer des Don Sylvio von Rosalva d'Konschtmäerche fir den däitsche Sproochraum erfënnt. Den Titelheld fënnt e Medaillon mat engem Fraeporträt. A scho mécht sech de Protagonist op de Wee fir d'Prinzessin (dovu geet hien aus) ze befreien. Dräi Heelmëttele sollen den Don Sylvio erëm an d'Realitéit bréngen: Geeschträich Gespréicher, d'Léift vun der 18 Joer aler schéiner Dona Felicia an d'Erzielung vun engem geckeg iwwerdréite Feeëmäerchen.

  • Wie Don Sylvio mit den Feen bekannt wird. Zum Unglück für seine Vernunft befanden sich unter den Büchern, womit eine große Kammer angefüllt war, eine Menge Feenmärchen, wovon Don Pedro ein großer Liebhaber gewesen war, ob er gleich von seiner weisen Schwester wegen seines Geschmacks an solchen unnützen Possen, wie sie es nannte, nicht selten angefochten wurde. Denn in so großem Ansehen die Ritterbücher bey ihr standen, welche sie mit den Kroniken, Historien und Reisebeschreibungen in Eine Klasse setzte, so verächtlich waren ihr alle diesen kleinen Spiele des Witzes, die bloß zur Unterhaltung der Kinder oder zum Zeitvertreib der Erwachsenen geswchrieben werden, und meistens durch nichts als die angenehme Art der Erzählung Personen von Geschmack sich empfehlen können. (Éischt Buch, 4. Kapitel, Ausgab 1795)

De Goethe[änneren | Quelltext änneren]

De Johann Wolfgang von Goethe huet dräi Märercher geschriwwen.

  • Das Märchen, 1795 bannent dem Unterhaltungen deutscher Ausgewanderten
  • Der neue Paris, dat war 1811 a seng Autobiographie Dichtung und Wahrheit agebaut.
  • Die neue Melusine, dat war en Deel vu sengem Roman Wilhelm Meisters Wanderjahre vun 1821
    • In dieser Kluft befand sich die schöne grüne Schlange, die durch die herbklingende Münze aus ihrem Schlafe gewckt wurde. Sie ersah kaum die leuchtenden Scheiben, als sie solche auf der Stelle mit großer Begierde verschlang und alle Stücke, die sich in dem Gebüsch und zwischen den Felsritzen zerstreut hatten, sorgfältig aufsuchte. Kaum waren sie verschlingen, so fühlte sie mit der angenehmsten Empfingung das Gold in ihren Eingeweiden schmelzen und sich durch ihren ganzen Körper ausbreiten, und zur größten Freude merkete sie, daß sie durchsichtig und leuchtend geworde war. ... (aus dem Märchen)

Den Novalis[änneren | Quelltext änneren]

  • Hyazint und Rosenblüte an Die Lehrlinge zu Sais
  • Atlantis an den Heinrich von Ofterdingen

De Ludwig Tieck[änneren | Quelltext änneren]

  • Der blonde Eckbert

D'Konschtmäerchen an anere Länner[änneren | Quelltext änneren]

Den Hans Christian Andersen[änneren | Quelltext änneren]

  • Dem Andersen seng Märercher:
  • Des Kaiser neue Kleider
  • Das häßliche junge Entlein
  • Die Prinzessin auf der Erbse

De Carlo Collodi[änneren | Quelltext änneren]

Eréischt 200 Joer no dem Sarnelli senger Posilecheata koumen an Italien nees Märercher op Pabeier. Mä des Kéier waren et net exotesch Geschichtercher fir en distingéiert Bildungspublikum. De Carlo Collodi (eigentlech: Carlo Lorenzetti) huet seng Geschicht Le avventure di Pinocchio selwer geschriwwen. An hien huet sech un d'Leit vun der Stooss geriicht. Och d'Bild vun der Fee ass en anert wéi an de franséischen, hei ass et eng Fra, déi um Unfank vum Pinocchio als Sëschter an duerno als Mamm verstane gëtt.

De Pinocchio koum fir d'éischt am Collodi senger Kannerzäischrëft Giornale dei Bambini eraus. Et ass dem iwwerzeechte Republikaner drëm gaangen, fir eppes géint den Analphabetismusze maachen.

  • Et war emol ... "E Kinnek" wäerte méng kleng Lieser soen. Nee, Kanner, dës Kéier hu där net Recht. Et war emol e Stéck Holz. .. Sou fänkt dem Pinocchio seng Geschicht un, déi zanter 1883 Grouss a Kleng net lass léist.

Bicher zum Thema[änneren | Quelltext änneren]

  • Walter Scherf: Das Märchenlexikon. Band 1: Von A bis K, Band 2: Von L bis Z , 2007, 2. Oplo, C.H. Beck Verlag.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mäererchen – Biller, Videoen oder Audiodateien