Mäerterter Hafen

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Mäerterter Hafen ass en Hafen op der lëtzebuergescher Säit vun der Musel tëscht Mäertert a Gréiwemaacher. En ass laanscht d'Nationalstrooss 1 an d'Wäistrooss gebaut ginn an ass deen eenzegen Hafe fir Marchandisen zu Lëtzebuerg. Vum der Entrée vum Hafe sinn et op der Musel 208,45 km bis bei de Rhäin zu Koblenz.

En huet eng Fläch vu 65 ha a gehéiert dem Lëtzebuerger Staat. Bedriwwe gëtt e vun engem Konzessionär, der Société du Port de Mertert S.A.. Dës S.A. gehéiert zu 50% dem Staat, zu 40% der Arcelor an zu jee 5% der Dexia-BIL an der Fortis Bank. Da ginn et nach 2 Gesellschaften, eng, déi d'Schëffer be- an entluet, d' Luxport S.A., an d'Tanklux S.A., déi Pëtrolsprodukter luet, stockéiert an a Camionen an an Zëtärswagone fëllt.

D'Aktivitéiten am Hafen hänke staark vun deene vun der Eisen- a Stolindustrie of. Sou sinn am Joer 1990 nach 947.000 Tonne Gidder ageluede ginn, 2000 waren et der 491.000, fir 2004 op 290.000 t ze falen. Op der anerer Säit ass de Volume vun deenen entluedene Gidder am selwechten Zäitraum vun 735.000 t op 1.138.000 geklommen.

Den Hafen huet e Stroossennetz vu 6 km en 20 km laangt Schinnennetz, déi un den internationale Verkéier ugeschloss sinn.

Geographesch Lag vun der Entrée vum Hafen: Gnome-globe.svg 49° 41’ 53’’ N 06° 28’ 50’’ O

Beschreiwung [änneren]

Den Hafe vu Mäertert besteet aus dräi Deeler, déi all um lénksen Uwänner vun der kanaliséierter Musel leien. Op der Musel selwer, gëtt et e Pëtrolsquai an e Quai d'attente. Tëscht deenen zwéi Quaien ass d'Entrée fir an den Hafebaseng, virun deem an engem Hallefkrees en Dréibaseng amenagéiert ass, fir datt d'Schëffer, déi aus Directioun Frankräich kommen, oder dohinner fuere wëllen, bei der an an Ausfaart d'Kéier maache kënnen.

Den Hafebaseng [änneren]

Den Hafebaseng huet eng Fläch vu ronn 6 ha. Et ass 800 Meter laang, um Kapp ass et 70 Meter breet an an der Entrée 80.

De minimalen Déifgank ass 3,48 Meter.

Laanscht d'Quaie vum Baseng leien zwee Gleiser an zwou Stroossen, an op enger Fläch vu 7,02 ha, nieft dem Baseng, kënne Wuere stockéiert ginn.

De Pëtrolsquai [änneren]

Den Terrain vun der Tanklux

De Pëtrolsquai läit baussenzeg vum Hafebecke laanscht d'Musel vis-à-vis vun Temmels, an huet eng Längt vun 300 Meter. E geet vum P.K. 210,100 bis de P.K. 210,400. Den Uwänner ass befestegt, a fir d'Aktivitéiten um Quai sinn 78 ar Terrain virgesinn.

De Quai d'attente [änneren]

De Quai d'attente läit laanscht Mäertert an ass 212 Meter laang. E geet vum P.K. 208,160 bis de P.K. 208,372.

D'Quaimauer ass mat Palplanchë befestegt.

En ass geduecht fir Schëffer, déi waarde musse fir an d'Hafebaseng eranzefueren, oder fir Convoien zesummenzestellen. [1]

Geschicht [änneren]

D'Gesetz vum 22. Juli 1963 huet d'Grondlag geschaaft, en Hafen zu Mäertert ze bauen an z'exploitéieren. Den éischte Spuetstéch gouf den 13. Februar 1964 gemaach. Den 3. Dezember 1965 konnt de Baseng vum Hafe volllafe gelooss ginn, an den 19. Abrëll 1966 konnt dat éischt Schëff gefeiert ginn. Den 1. September 1966 hunn de Groussherzog Jean an d'Groussherzogin Joséphine-Charlotte den Hafe feierlech ageweit.[2]


Um Spaweck [änneren]

Referenzen [änneren]

  1. D'Donnée vun der Beschreiwung sinn aus dem Gesetztext vum 11. August 1970 iwwer den Amenagement an d'Exploitatioun vum Hafen
  2. [1]