Märjendaller Klouschter

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Klouschter Mariendall läit an der Uertschaft Mariendall, am Äischdall, am Nordoste vun Aansebuerg an der Gemeng Tënten.

Et gouf am 13. Joerhonnert vun den Dominikanerinne vu Stroossbuerg gegrënnt.

War et um Ufank nach e ganz aarmt Klouschter, sou huet sech dat séier geännert wéi d'Yolanda vu Veianen 1258 bis Priorin gouf. Duerch en etlech Schenkungen (Lännereien,...) vun de Grofe vu Veianen a Lëtzebuerg huet de Mariendall e groussen Opschwonk erlieft. D'Yolanda huet eng Bibliothéik ariichte gelooss an esou fir eng wirtschaftlech a kulturell Bléi am Klouschter gesuergt. Ënnert hirer Leedung gouf och déi gotesch Klouschterkierch gebaut, vun där haut näischt méi ze gesinn ass. Ënnert dem Altor vun dëser Kierch war och dem Yolanda säi Graf.

Wéi Lëtzebuerg dunn am 18. Joerhonnert un Éisträich gefall ass, huet de Joseph II. 1783 all déi kontemplativ Uerden opgeléist, wou och de Mariendall drënner gefall ass.

1890 hunn déi Wäiss Pateren dat verfalent Klouschtergebai vum Grof Friedrich Mathias von Spee kaaft, dat deen zéng Joer virdru selwer kaaft hat well e wëlles hat, do Dominikanerpateren unzesidelen.Deenen hat et net do gefal an esou koumen am Oktober 1890 déi éischt Bridderkandidaten an de Märjendall. Schonn 1894 gouf zu Tréier en neit Klouschter gegrënnt, fir Paterepostulanten.

Eng Zäitchen huet d'Klouschter Mareiendall de Schwëstere vun der Doctrine Chrétienne gehéiert. Am Zweete Weltkrich war et fir en etlech Flüchtlingen en Daach iwwert dem Kapp, an och haut sinn eng ganz Rei sozial Ariichtungen a Wunnengen an den nei opgeriichte Gebaier ënnerbruecht.

[änneren] D'Klouschterkapell

Déi fréier Klouschterkapell, déi der Rousekranzkinnigin geweit war, ass an der Tëschezäit sekulariséiert ginn, a gëtt hautdesdaags als Festsall benotzt.

[änneren] Kuckt och

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen