Märklin

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Gebr. Märklin & Cie. GmbH
Logo Märklin.svg
Typ GmbH
Grënnung 1859
Sëtz Göppingen, Däitschland
Leedung Wolfrad Bächle
Stefan Löbich
Mataarbechter 980 (2011)
Ëmsaz 108,77 Mio. € (2011)
Branche Modelleisebunnen
Um Spaweck www.maerklin.de

D'Gebr. Märklin & Cie. GmbH ass eng däitsch Entreprise, déi virun allem fir d'Produktioun vu Modelleisebunnen bekannt ass. Mat engem Joresëmsaz vun 108 Milliounen Euro (Stand: 2011) hëlt si d'Spëtzeplaz vun de Modelleisebunnshiersteller an Europa an. D'Produktioun ass zu Göppingen an zu Győr an Ungarn (Stand 2012).

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

No der Grënnung 1859 duerch den Theodor Friedrich Wilhelm Märklin, huet d'Gebr. Märklin & Cie. GmbH während e puer Joer haaptsächlech Kichen fir kleng Spillpoppen hiergestallt. 1891 gouf den éischte Modellzuch vun de Kanner vum Firmegrënner hiergestallt, an 1895 goufen déi éischt elektresch Modellzich an der Spurbreet 1 (Moossstaf 1:32) verkaaft. Am Joer 1900 gouf d'Spur 0 agefouert, mat enger Spurbreet vun 32 mm.

D'Spur 00, Virgänger vum haut weltbekannten H0 mat enger Spurbreet vu 16,5 mm (Moossstaf 1:87), gouf 1935 fir d'éischt Kéier virgestallt, allerdéngs mat engem Moossstaf vun 1:76. Zanterhier huet sech Märklin och definitiv fir den 20-Volt-Wiesselstroumsystem entscheet.

1937 huet Märklin fir d'éischt Kéier op der „Spielwarenmesse Nürnberg“ ausgestallt, a konnt e komplett Sortiment vu Lokomotiven, Wagonen, Schinnen an Accessoirë virstellen.

Märklin konnt sech allerdéngs mat den neie Spur-N-Produiten net géint d'Konkurrenz duerchsetzen, an huet dowéinst 1972 eng nei Spur, genannt Z, mat engem Moossstaf vun 1:220 (Spurbreet 6,5 mm), presentéiert.

1980 huet Märklin de Konkurrent Trix opkaf, deen zanterhier d'Produktioun vu Gläichstroum-Produiten (Spuren H0 an N) iwwerholl huet.

De 4. Februar 2009 ass Märklin (wéi vill aner Modelleisebunnshiersteller) offiziell faillite gaangen, mä konnt sech duerch d'Aarbecht vum Insolvenzverwalter Michael Pluta retten. Am November 2012 gouf bekannt datt de Spillsaachefabrikant Simba Dickie Group drun interesséiert ass, Märklin z'iwwerhuelen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Märklin – Biller, Videoen oder Audiodateien