Méchela

Vu Wikipedia
Méchela
Vue op Méchela, vum Donatus Monument aus.
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Michelau
de: Michelau
Land Lëtzebuerg
Kanton Dikrech
Gemeng Buerschent
Buergermeeschter Annie Nickels-Theis
Awunner 325
  01.06.2021
Héicht 268 m
Koordinaten 49° 53’ 53’’ N
      06° 05’ 29’’ O

Méchela ass eng Uertschaft an der Gemeng Buerschent.

Méchela am Iwwerbléck[änneren | Quelltext änneren]

Méchela läit um lénksen Uwänner vun der Sauer.

De Mëttelpunkt vum Duerf ass d'Al Schoul an där haut nach ëmmer Festivitéiten ofgehale ginn.

Méchela ass bei den Éisleker Leit bekannt fir d'Disco "Moonlight" déi et vun 1979-2003 gouf. Dëst am alen "Hôtel des Ardennes" vis-à-vis vun der Gare. D'Gebai gouf 2021 ofgerappt, nodeems et ronderëm komplett verwëldert war. Zur Sauer zou, um alen Futtballterrain, soll e Park entstoen.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

  • D'Buerschterschlass. D'Schlass läit nordwestlech vu Méchela op enger Nock tëscht dem Schleedbësch an der Fuusslee, an et huet een eng gutt Vue iwwer Méchela.
  • D'Donatus Monument. D'Monument steet op enger Héicht am Agang vun der Uertschaft aus Richtung Fléiber. E Chronogramm, deen op Däitsch verfasst ass, ergëtt d'Joreszuel 1862.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Méchela – Biller, Videoen oder Audiodateien