Médard vun Noyon

Vu Wikipedia
Den hellege Médard zu Saint-Médard-d'Eyrans.

De Médard vun Noyon (op Latäin Medardus), och hellege Médard genannt, gebuer 456 zu Salency an der Picardie a gestuerwen den 8. Juni 545 zu Noyon, war e fréichrëschtleche Geeschtlechen a Bëschof.

En zielt zu de chrëschtlechen Hellegen, säi Fest ass den 8. Juni.

Famill[änneren | Quelltext änneren]

De Medardus war de Fils vum Nectardus, engem fränkeschen Adelegen, an der Protagia, enger Gallo-Réimescher Adeleger. Hie war den Zwillingsbrudder vum hellege Gildard, dem Äerzbëschof vu Rouen.

Hien a säi Brudder solle 496 Assistente vum hellege Remi gewiescht sinn, wéi de Clovis I. an der Kathedral vu Reims zum Kinnek geweit gouf. 530 gouf de Médard Bëschof zu Vermand an huet säi Sëtz 531 op Noyon verluecht.

532, nom Doud vum Éleuthaire, Bëschof vun Tournai, gouf hie vum Kinnek Clothaire als Bëschof op Tournai geschéckt, andeems déi zwou Diözese matenee vereent goufen (dës Eenegung huet bis 1146 gedauert).

Hien ass zu Noyon gestuerwen a seng Reliquië goufen op Soissons bruecht wou d'Abtei Saint-Médard opgeriicht gouf. Aner Reliquië koumen an d'Saint-Médard Kierch op Paräis.

Ikonographie[änneren | Quelltext änneren]

Den hellege Médard gëtt meeschtens als Bëschof mat engem Bëschofsstaf duergestallt. Dacks gëtt en och mat engem hallef-oppene Mond gewisen, soudatt ee seng Zänn gesäit, well hie gouf ugeruff géint Zännwéi. Weiderhi gesäit een heiansdo en Aadler iwwer him fléien, oder mat engem Häerz, fir seng Mëtschgiewegkeet ervirzehiewen.

Patronage[änneren | Quelltext änneren]

Hien ass de Patréiner vun de Brauer, de Prabbelismécher an de Baueren, an et gëtt zu him gebiet fir datt et soll reenen. Ausserdeem ass hien zoustänneg fir Migrainen, Nerven- a Geeschteskränkten.

Spréchwierder[änneren | Quelltext änneren]

Am franséischsproochege Raum gëtt et eng sëllege Spréchelcher, déi soen, datt, wann et op Saint-Médard reene géif, et weider 40 Deeg Ree géif.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Saint Medard – Biller, Videoen oder Audiodateien