Méifachstär
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Méifachstär
E physescht System aus méi wéi zwéi Stäre gëtt Méifachstär genannt.
Meeschtens gi Méifachstären am Ufank als Duebelstär entdeckt. Déi dacks onsiichtbar Begleeder maache sech dann als Stéierunge bemierkbar.
Méifachstäre bestinn aus Ënnersystemer, déi ëmmer a Koppele virkommen. D'Ënnersystemer bestinn hirersäits aus Eenzel- oder Duebelstären.
Beispiller fir Méifachstäre sinn:
- 3 Komponenten
- η Orionis: e spektroskopeschen Duebelstär mat engem Beleeder, deen zimlech wäit ewech ass, mat enger Ëmlafzäit vum Duebelstär vun 8 Deeg, de Begleeder ëm den Duebelstär brauch dofir 3470 Deeg.
- 4 Komponenten
- ξ Ursae Majoris: erschéngt als Duebelstär mat enger Ëmlafzäit vun 59,6 Joer, all Komponent huet awer nach en Duebelstäresystem (mat Ëmlafzäiten vu 4 a 699 Deeg).
- 5 Komponenten
- ε Hydrae
- 6 Komponenten
- α Geminorum (Castor): dräi spektroskopesch Duebelstäre mat engem Bedeckungsverännerlechen.
[änneren] Kuckt och
[änneren] Um Spaweck
- (de) Chr. Pinter: Seltsame Paare. Im All herrscht eine Tendenz zur Doppelsternbildung
- (de) Christian Mayers „Verzeichnis aller bisher entdeckten Doppeltsterne“ von 1781
- (de) Duebelstäre
- (en) The Internet Stellar Database – Internetdatenbank
| Commons: Binary stars – Biller, Videoen oder Audiodateien |