Méischdref
|
|||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|
| D'Kierch vu Mèischdref. | |||||||
| An anere Sproochen: |
fr: Moersdorf de: Mörsdorf |
||||||
| Land: | |||||||
| Distrikt: | Gréiwemaacher | ||||||
| Kanton: | Iechternach] | ||||||
| Gemeng: | |||||||
| Buergermeeschter: | Joseph Schoellen | ||||||
| Awunner Uertschaft: | 362 (27.09.2006) |
||||||
| Koordinaten: | 49° 44' 44" N 06° 30' 02" O |
||||||
| Uertschaften - Gemengen - Stied | |||||||
Méischdref ass eng Uertschaft an der Gemeng Mompech.
Inhaltsverzeechnes |
Geographie [änneren]
Méischdref läit um rietsen Uwänner vun der Sauer, dat do zimlech enk ass, op enger duerschnëttlecher Héicht vun 170 m. Duerch Méischdref geet Nationalstrooss 10 an den CR135. Zu Méischdref leeft d'Kauzebaach, déi vu Giwenech aus den Hang erof kënnt, an d'Sauer.
Bis un d'Enn vum 20. Joerhonnert war eng Steekaul an der Uertschaft.
Geschicht [änneren]
Archeologesch Fondsaache weisen, datt do schonn zu Kelten-, resp. Frankenzäit Leit gewunnt hunn.[1]
Méischdref gouf als Mersdorph am 13. Joerhonnert eng éischte Kéier schrëftlech ernimmt. Deemools (a bis zu der Franséischer Revolutioun) huet et zu der Tréierer Abtei St. Maximin gehéiert, an och d'Abtei Iechternach hat do Besëtz. 1248 ass vu Murstorff rieds, an op der Ferraris-Kaart vun ëm 1775 steet d'Duerf als Merscdorf.
Kuckt och [änneren]
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Lëtzebuerger Distrikter
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Um Spaweck [änneren]
Referenzen [änneren]
- ↑ Quell vun dësem Kapitel, wou net anescht uginn: Mayer, Christina, 2010, Topographie der Baukultur des Großherzogtums Luxemburg, Band 1: Kanton Echternach. Ministère de la culture, Service des sites et monuments nationaux, ISBN 978-2-495-15120-7, S.412-413.