Méisproochegkeet zu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
Rayonsschëlter an engem Iechternacher Supermarché (op Däitsch & Lëtzebuergesch)
Schëlter um Escher Gaalgebierg.

Ob an den Zeitungen, dem Internet, der Justiz oder anere Beräicher, d'Méisproochegkeet zu Lëtzebuerg gehéiert zum Alldag vun den Awunner a vun de Grenzgänger.

Wéini a wou wat zu Lëtzebuerg geschwat oder geschriwwe gëtt[änneren | Quelltext änneren]

D'Gesetz iwwer de Sproochegebrauch zu Lëtzebuerg vum 24. Februar 1984[1] leet fest (iwwersat aus dem Franséischen):

Artikel 1: D'Nationalsprooch vun de Lëtzebuerger ass d'Lëtzebuergesch.
Artikel 2: Gesetzestexter an hir Bestëmmungen, wéi s'auszeféiere sinn, ginn op Franséisch verfaasst.
Artikel 3: Verwaltungssproochen a juristesch Sproochen: Et kann ee vu Franséisch, Däitsch oder Lëtzebuergesch Gebrauch maachen.
Artikel 4: Administrativ Froen: Wann eng Demande op Lëtzebuergesch, Franséisch oder Däitsch gemaach gouf, muss d'Administratioun, sou wäit wéi méiglech, an hirer Äntwert déi Sprooch vun deem, deen d'Demande gemaach huet, benotzen.

Dëst Gesetz huet, wéi et agefouert gouf, am Fong soss näischt gemaach wéi de Status quo (virun allem am administrativ-juristeche Beräich), ze beschreiwen, nämlech dee vun der Méisproochegkeet (Polyglossie) zu Lëtzebuerg. Am Géigesaz zu anere Länner wéi z. B. der Schwäiz, Belsch oder Kanada, wou jee no Regioun verschidde Sprooche geschwat ginn, ass d'Distributioun vun de Sproochen net geographesch, mä funktionell an individuell.

'Funktionell' heescht, datt een zu Lëtzebuerg jee no Situatioun mat anere Sproochen ze dinn huet - kuckt dozou weider ënnen. 'Individuell' heescht, datt déi eenzel Persounen zu Lëtzebuerg ënnerschiddlech Sprooche gebrauchen - ëmmerhi si bal 50 % vun den Awunner Net-Lëtzebuerger, a vun all deenen, déi zu Lëtzebuerg schaffen, si manner wéi en Drëttel Lëtzebuerger.

De Gebrauch, wéi en hei ënnendrënner beschriwwe gëtt, bezitt sech op déi funktionell Distributioun, virun allem aus der Siicht vun de Lëtzebuerger Mammesproochler. Fir déi individuell Distributioun, kuckt den Artikel Demographie vu Lëtzebuerg.

Funktionelle Gebrauch vum Lëtzebuergeschen[änneren | Quelltext änneren]

An der Schoul[änneren | Quelltext änneren]

  • Vum éischte Schouljoer bis Cinquième op Däitsch, Explikatioune gëtt et dacks och op Lëtzebuergesch (Diglossie).
  • Vu Septième bis Cinquième op Däitsch (ausser Friemsproochenunterrecht a Mathematik)
  • Vu Quatrième bis Première op Franséisch (ausser fir d'Friemsproochen), Explikatioune gëtt et dacks och op Lëtzebuergesch.
  • Vu Quatrième bis Première am Régime général an der Division de la formation administrative et commerciale op Franséisch. An den aneren Divisiounen op Däitsch (ausser Friemsproochenunterrecht, Mathematik an Informatik). Explikatioune gëtt et awer ganz dacks op Lëtzebuergesch.

An der Chamber[änneren | Quelltext änneren]

D'Ëmgangssprooch an der Chamber ass Lëtzebuergesch, heiansdo och Franséisch, wann z. B. Gesetzestexter zitéiert ginn.

An de Gemengeréit[änneren | Quelltext änneren]

Lëtzebuergesch gëtt 1995 per Gesetz als Ëmgangssprooch an de Gemengeréit deklaréiert. Conseillere kënnen och eng aner offiziell Sprooch benotzen, mä et besteet keng Iwwersetzungsflicht[2].

An der Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Cf. Literaturbibliographie vum nationale Literaturzentrum.

A Press a Medien[änneren | Quelltext änneren]

Déi geschriwwe Press zu Lëtzebuerg gebraucht haaptsächlech Däitsch, Lëtzebuergesch gesäit ee just ganz vereenzelt a verschiddene Kolumnen (Diglossie). Ganz rar sinn s'och op Franséisch, Portugisesch oder Englesch (meeschtens Zeitungen, déi sech speziell un d'Auslänner riichten). Beim nationale Radio a Fernsee gëtt haaptsächlech op Lëtzebuergesch gesent.

Am Alldeeglechen[änneren | Quelltext änneren]

Mat auslänneschen Aarbechtskolleegen dacks an dem Auslänner senger Mammesprooch, well besonnesch d'frankophon Frontalieren net ëmmer direkt de Besoin gesinn, fir vun Ufank u sech konsequent a Lëtzebuergesch Coursen anzeschreiwen. Mä ëmmer wann den Interlocuteur d'national Landessprooch wéinstens passiv beherrscht, dann natierlech op Lëtzebuergesch.

Individuelle Gebrauch[änneren | Quelltext änneren]

Den individuelle Sproochegebrauch spigelt och déi komplex sproochlech Situatioun am Land erëm. D'Vollekszielung vun 2011 huet follgend Resultater ervirbruecht:

Am Alldeegleche gebrauche 70,5 % vun der Gesamtpopulatioun, déi am Land wunnt, (ë. a.) Lëtzebuergesch, 55,7 % Franséisch an 30,6 % Däitsch (D'Frontaliere sinn an dësen Zuelen net berücksichtegt). An der Moyenne schwätzt den Duerchschnëttsawunner all Dag 2,2 Sproochen.[3]

Vun den Auslänner, déi am Land wunnen, schwätzen der am Ganzen 32,2 % (ë. a.) Lëtzebuergesch. Bei den Däitschen, Hollänner a Montenegriner sinn et ronn d'Hallschent, bei de Fransouse 25,3 %, de Belsch 30,4 % an de Portugise 34,9 %. 96,4 % vun de Lëtzebuerger hunn uginn, (ë. a.) Lëtzebuergesch ze schwätzen.[3]

Eng aner wëssenschaftlech Etüd vum CEPS/INSTEAD aus dem Joer 2010[4] déi um Material vun der European Values Study 2008 baséiert war (eng Enquête unhand vun engem Echantillon vun der Bevëlkerung), huet déi geschwate Sproochen an hir Heefegkeet, resp. Kombinatioun mat anere Sproochen a verschiddene Kontexter - Famill, Aarbechtsplaz, Bekanntekrees - analyséiert. Ausserdeem gouf weider ënnersicht, wat fir Sprooche jee no Land, wou een hierkënnt, an zu wat fir engem soziale Milieu ee gehéiert, gebraucht ginn.[5]

36,4 % vun de gefrote 1610 Leit hunn uginn, doheem just Lëtzebuergesch ze schwätzen, bei 14,3 % zesumme mat Franséisch, a bei 5,8 % zesumme mat Däitsch. Op der Aarbecht sinn et just 10,6 % vun de gefrote Leit, déi soten, just Lëtzebuergesch ze schwätzen. Wa méi wéi eng Sprooch gebraucht gëtt, ass am dackste Franséisch dobäi. Dat ass z. B. de Fall bei 30,2 % vun de gefrote Leit, deenen hir Haaptsprooch d'Lëtzebuergesch ass an 12,9 % vun deenen, déi als Haaptsprooch Franséisch hunn. 6,7 % hunn uginn, just Franséisch op der Schaff ze schwätzen.[6]

Sproochen an der Famill: am meeschten an der Famill: am 2.-meeschten op der Aarbecht: am meeschten op der Aarbecht: am 2.-meeschten mat Frënn a Bekannten: am meeschten mat Frënn a Bekannten: am 2.-meeschten
Lëtzebuergesch 978 183 626 194 1036 131
Franséisch 202 370 432 519 263 695
Däitsch 35 119 48 118 38 190
Portugisesch 231 47 65 65 171 74
Englesch 26 53 68 102 31 93
Italieenesch 50 47 7 14 26 37
Aner 84 46 5 8 43 40
Keng Famill, Aarbecht oder Bekannten 4 360 2
Keng Zweetsprooch 747 590 351
Total 1610 1610 1610 1610 1610 1610

Quell: European Values Study 2008 Luxembourg 2008, CEPS/INSTEAD 2010. Gefrot gouf en Echantillon vu 1610 Erwuessener.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Berg, Guy, 1993. Mir wëlle bleiwe wat mir sin: Soziolinguistische und sprachtypologische Betrachtungen zur luxemburgischen Mehrsprachigkeit., Tübingen (Reihe Germanistische Linguistik 140). ISBN 3-484-31140-1.
  • Dickes, Paul; Berzosa, Guayarmina, 2010. "Pays multiculturel, pays multilingue ? Un modèle pragmatique pour l'analyse des relations langagières au Luxembourg". Les cahiers du CEPS/INSTEAD, Population & Emploi, cahier 2010-16, Juli 2010. ISSN 2077-3048.
  • Dickes, Paul; Berzosa, Guayarmina, 2010b. "Les compétences linguistiques auto-attribuées". Les cahiers du CEPS/INSTEAD, Population & Emploi, cahier 2010-19, September 2010. ISSN 2077-3048.
  • Fehlen, Fernand, 2009. BaleineBis: Une enquête sur un marché linguistique multilingue en profonde mutation - Luxemburgs Sprachenmarkt im Wandel. RED N° 12, SESOPI Centre Intercommunautaire.
  • Fehlen, Fernand, Andreas Heinz, 2016: Die Luxemburger Mehrsprachigkeit: Ergebnisse einer Volkszählung. Bielefeld: Transcript. ISBN 978-3-8376-3314-6
  • Horner, Kristine & Jean Jacques Weber, 2008. "The language situation in Luxembourg", Current Issues in Language Planning 9,1, 69-128.
  • Magère, Philippe, Bernard Esmein & Max Poty, 1998. La situation de la langue française parmi les autres langues en usage au Grand-Duché de Luxembourg. Luxembourg, Centre culturel français.
  • Newton, Gerald (ed.), 1996. Luxembourg and Lëtzebuergesch: Language and Communication at the Crossroads of Europe, Oxford. ISBN 0-19-824016-3.
  • Trausch, G; La francophonie au Luxembourg <Un legs du passé, une garantie pour l'avenir>, Centre culturel français N°9 (1983).
  • Weber, Nico, 2001. "The universe under the microscope: The complex linguistic Situation in Luxembourg". In: De Bot, C./ Kroon, S./Nelde, P./Vande Velde, H. (eds.), Institutional Status and use of languages in Europe. Bonn, Asgard, pp. 179–184.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

  • Lingscape, e Fuerschungsprojet op der Uni Lëtzebuerg, wou iwwer eng App Biller vum schrëftleche Sproochgebrauch am ëffentleche Raum (Schëlter, Panneauen, Affichen,...) zu Lëtzebuerg gesammelt ginn fir ausgewäert ze ginn.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Cf. Loi du 24 février 1984 sur le régime des langues, Mémorial A n°16: 196-197, 27.02.1984.
  2. Cf. Loi du 28 décembre 1995 fixant les modalités de participation aux élections communales des citoyens non luxembourgeois de l'Union Européenne et modifiant 1) la loi électorale modifiée du 31 juillet 1924 2) la loi communale modifiée du 13 décembre 1988. Mémorial A n° 101 du 28.12.1995.
  3. 3,0 3,1 "Les langues parlées au travail, à l'école et/ou à la maison." Statec: Recensement de la population; premiers résultats n° 13. 2013-04-25.
  4. Dickes/Berzosa, 2010.
  5. Robert Schneider: "Analyse der linguistischen Gewohnheiten in Luxemburg: Vielfältiger und komplexer Sprachengebrauch." Tageblatt Nr.183, 9. August 2010, S.18.
  6. Dickes/Berzosa, 2010, S.11-12.