Mëlleschkapell Kielen

Vu Wikipedia
D'Mëlleschkapell zu Kielen. (Juni 2010)
D'Kapell vu bannen.
Den Altor mam Agnus Dei.

D'Mëlleschkapell oder Muttergotteskapell zu Kielen steet an der Häregaass (rue d'Olm), ronn 100 m vun der Kierch ewech. D'Kapell, déi a Privatbesëtz ass, gouf 2010 restauréiert.

Den Numm Mëlleschkapell geet op d'Mëlleschhaus nieft der Kapell zeréck, an deem säi Besëtz d'Kapell am 19. Joerhonnert koum.

D'Kapell[änneren | Quelltext änneren]

Bannen ass d'Kapell mat sechs relieffërmegen Nischen aus Stuck dekoréiert. An der grousser Nisch iwwer dem Altor sti Statue vun der Helleger Famill (Maria, Jousef a Jesuskand). An de fënnef Säitennischen (3 lénks, zwou riets) stinn Hellegestatuen.

Déi viischt Säit vum Altor ass mat engem Motiv aus wäissen a faarwege Plättercher dekoréiert, mat an der Mëtt engem Schof (Agnus Dei), dat e Kräiz mat Fändel dréit, an engem Kielech.[1] Ronderëm steet: Venite omnes (Kommt alleguer).

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Op der Plaz vun der Kapell stoung déi éischt Kielener Kierch, déi ëm 1600 gebaut gi war. D'Paschtoueschhaus, dat haut nach besteet, nieft dëser Kierch, huet der Strooss hiren Numm ginn (Härestrooss).

Well déi Kierch mat der Zäit ze kleng war, gouf am 19. Joerhonnert eng méi grouss Kierch an der Mamerstrooss (rue de Mamer) gebaut.

De 6. Juni 1881 huet de Gemengerot decidéiert, déi al Kierch ofrappen ze loossen. Op der Plaz vun der aler Kierch gouf dunn déi haiteg Kapell gebaut. Et ass net gewosst op d'Mëlleschkapell ganz nei opgeriicht gouf, oder ob net en Deel vun der aler Kierch bäibehalen an zur haiteger Kapell ëmgebaut gouf.

2010 gouf d'Kapell vun de Frënn vum Kielener Brennereimusée mat der Hëllef vun der Gemeng Kielen restauréiert. D'offiziell Aweiung vun der renovéierter Kapell war den 19. Juni 2010.

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Hentzen, Émile, 1939. Aus der Geschichte von Kehlen. In: Der Kanton Capellen. Festschrift zur Zentenarfeier der Unabhängigkeit Luxemburgs. Erausgi vum Organisatiounscomité vun der Kantonalfeier op der Cap, den 11. Juni 1939. Cote BNL: LA 3836.
  • (C.), 2010. D'Mëllesch- oder d'Muttergotteskapell in Kehlen. Ein (fast) vergessenes religiöses Kulturerbe. Luxemburger Wort vum 17. Juni 2010, S. 27.
  • (rfg)‚ 2010. E Bijou an der Häregaass. Kehlener "Mëlleschkapell" erstrahlt in neuem Glanz. Luxemburger Wort vum 26. Juni 2010, S. 32.
  • Agnus Dei: cf. Wikipedia op Däitsch an op Franséisch (3. Juli 2010).

Fotoen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Den Agnus Dei (de: Lamm Gottes, fr: agneau de Dieu) steet symbolhaft fir Jesus Christus, deen duerch säin Afferdout d'Sënne vun der Welt geholl huet.