Mëttelgambit

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Mëttelgambit
Solid white.svg a b c d e f g h Solid white.svg
8 a8 b8 c8 d8 e8 f8 g8 h8 8
7 a7 b7 c7 d7 e7 f7 g7 h7 7
6 a6 b6 c6 d6 e6 f6 g6 h6 6
5 a5 b5 c5 d5 e5 f5 g5 h5 5
4 a4 b4 c4 d4 e4 f4 g4 h4 4
3 a3 b3 c3 d3 e3 f3 g3 h3 3
2 a2 b2 c2 d2 e2 f2 g2 h2 2
1 a1 b1 c1 d1 e1 f1 g1 h1 1
a b c d e f g h
Aner Nimm Mëttelspill
Zich 1. e4 e5 2. d4
ECO-Coden C21-C22
Benannt no Gambit am Zentrum (Mëtt vum Briet)
Entsteet aus Oppent Spill
Nospillen op Chessgames.com

D'Mëttelgambit ass eng Erëffnung vum Schachspill. Se zielt zu den Oppene Spiller an ass an den ECO-Coden ënnert de Schlësselen C21 an C22 klassifizéiert.

A méi ale Schachpublikatioune fënnt een och d'Bezeechnung „Mëttelspill“ amplaz vu „Mëttelgambit“. Dës Bezeechnung ass allerdéngs am Schachvokabular méideiteg: Mëttelspill (Schach) bezeechent och d'Spillphas no der Erëffnung. An der Schachliteratur huet sech mëttlerweil d'Benennung „Mëttelgambit“ duerchgesat, obwuel Wäiss an den Haaptvarianten no 3. Dxd4 kee Bauer affert an doduerch kee Gambit spillt. Richteg Gambitvarianten entstinn zum Beispill no 3. c3 oder no dem seelenen 3. f4.

D'Mëttelgambit fänkt mat de folgenden Zich un:

1. e4 e5
2. d4

Dës Stellung kann theoretesch och iwwert d'Englund-Gambit entstoen (1. d4 e5 2. e4).

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Varianten

Schwaarz ka mat 2. ... Sc6 an d'Nimzowitsch-Verdeedegung iwwergoen, mee dee bei Wäitem heefegsten Zuch ass 2. ... exd4, wourop Wäiss mat 3. c3 an d'Nordescht Gambit iwwergoe kann. Onofhängeg Varianten entsinn no 3. Dxd4 a je nodeems, wéi Schwaarz äntwert, och no 3. Sf3 a 3. Lc4.

[änneren] 3. Dxd4

  • 1. e4 e5 2. d4 exd4 3. Dxd4

No 3. Dxd4 entwéckelt Schwaarz meeschtens säin Dammesprénger mat Tempogewënn. No 3. ... Sc6 féiert 4. Da4 zur Skandinavescher Verdeedegung mat vertauschte Farwen a Méitempo fir Wäiss. D'Haaptvariant vum Mëttelgambit ass 4. De3, wourop déi heefegst schwaarz Zich 4. ... Sf6, 4. ... g6 a 4. ... Lb4+ sinn.

[änneren] 3. Sf3

  • 1. e4 e5 2. d4 exd4 3. Sf3

No 3. Sf3 huet Schwaarz eng ganz Rei Transpositiounsméiglechkeeten. 3. ... Sc6 féiert zur Schottescher Partie, 3. ... d6 zur Philidor-Verdeedegung a 3. ... Sf6 zur Steinitz-Variant vun der Russescher Verdeedegung. Aner Zich fir Schwaarz si 3. ... Lb4+ a 3. ... Lc5.

[änneren] 3. Lc4

  • 1. e4 e5 2. d4 exd4 3. Lc4

Och no 3. Lc4 geet d'Partie dacks an eng aner Erëffnung iwwer. No 3. ... Sf6 ass d'Urusov-Gambit erreecht an no 3. ... Sc6 4. Sf3 d'Schottescht Gambit.

[änneren] Aner Zich

  • 3. f5?! féiert zum Halasz-Gambit.

[änneren] Kuckt och

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen