Mëtternuechtssonn
Als Mëtternuechtssonn gëtt an de Gebidder nërdlech vum nërdlechen a südlech vum südleche Polarkrees am Summer ëm déi visuell Sonn bezeechent déi ëm Hallefnuecht net ënnergeet.
Inhaltsverzeechnes |
Beschreiwung [änneren]
Vun engem Observatiounspunkt direkt um Polarkrees geet d'Sonn eemol am Joer – zum Zäitpunkt vun der Nord- oder Südsummersonnewend – net ënner. Nodeems si am Dageslaf hiren déifste Stand iwwer dem Horizont erreecht huet, klëmmt si nees erop. Wat méi no ee während der Zäit vun der d'Summersonnewend beim Nordpol ass (resp. beim Südpol), ëmsou méi Deeg ass d'Mëtternuechtssonn ze gesinn. Well d'Sonn dobäi net ënnert den Horizont kënnt, schwätzt een vum Polardag. De Polardag misst direkt um geographesche Pol en halleft Joer daueren. Wéinst der Liichtbriechung (Refraktioun) an der Äerdatmosphär dauert de Polardag eppes méi laang wéi en halleft Joer.
| Plaz | Ieweschte Rand vun der Sonn bleift iwwer Mëtternuecht vum |
Déi ganz Sonn ass 24 Stonnen deeglech visuell |
Den ieweschte Rand vun der Sonn verschwënnt iwwer Mëtternuecht vum |
D'Polarnuecht fänkt un mam |
Polar- nuecht- enn |
|---|---|---|---|---|---|
| Polarkrees | 5. Juni | 12. Juni – 1. Juli | 6. Juli | — | — |
| Bodø | 31. Mee | 4. Juni – 8. Juli | 12. Juli | — | — |
| Svolvær | 25. Mee | 28. Mee – 14. Juli | 18. Juli | 7. Dez. | 5. Jan. |
| Harstad | 22. Mee | 25. Mee – 18. Juli | 21. Juli | 2. Dez. | 10. Jan. |
| Bardufoss | 20. Mee | 23. Mee – 19. Juli | 22. Juli | 30. Nov. | 12. Jan. |
| Andenes | 19. Mee | 22. Mee – 21. Juli | 23. Juli | 29. Nov. | 13. Jan. |
| Tromsø | 18. Mee | 20. Mee – 22. Juli | 25. Juli | 27. Nov. | 15. Jan. |
| Bossekopp | 16. Mee | 19. Mee – 24. Juli | 26. Juli | 25. Nov. | 17. Jan. |
| Vardø | 15. Mee | 17. Mee – 26. Juli | 28. Juli | 23. Nov. | 19. Jan. |
| Hammerfest | 13. Mee | 16. Mee – 27. Juli | 29. Juli | 22. Nov. | 20. Jan. |
| Berlevåg | 13. Mee | 15. Mee – 28. Juli | 30. Juli | 21. Nov. | 21. Jan. |
| Nordkap | 11. Mee | 14. Mee – 29. Juli | 31. Juli | 20. Nov. | 22. Jan. |
| Jan Mayen | 12. Mee | 14. Mee – 28. Juli | 30. Juli | 20. Nov. | 21. Jan. |
| Bjørnøya | 30. Abrëll | 1. Mee – 10. Aug. | 12. Aug. | 7. Nov. | 4. Feb. |
| Hopen | 23. Abrëll | 25. Abrëll – 17. Aug. | 18. Aug. | 31. Okt. | 10. Feb. |
| Svea | 19. Abrëll | 21. Abrëll – 21. Aug. | 23. Aug. | 27. Okt. | 15. Feb. |
| Barentsburg | 19. Abrëll | 20. Abrëll – 21. Aug. | 23. Aug. | 26. Okt. | 15. Feb. |
| Longyearbyen | 18. Abrëll | 20. Abrëll – 22. Aug. | 24. Aug. | 26. Okt. | 16. Feb. |
| Pyramiden | 17. Abrëll | 19. Abrëll – 23. Aug. | 25. Aug. | 25. Okt. | 17. Feb. |
| Ny-Ålesund | 16. Abrëll | 18. Abrëll – 24. Aug. | 25. Aug. | 24. Okt. | 18. Feb. |
| Magdalenafjorden | 14. Abrëll | 16. Abrëll – 26. Aug. | 27. Aug. | 22. Okt. | 19. Feb. |
| Rossøya | 11. Abrëll | 12. Abrëll – 29. Aug. | 31. Aug. | 19. Okt. | 23. Feb. |
| Nordpol | 18. Mäerz | 20. Mäerz – 23. Sept. | 24. Sept. | 25. Sept. | 18. Mäerz |
Himmelsmechanik [änneren]
Déi ënnerschiddlech Deeg- a Nuechtlängten op alle Breeden vun eiser Äerd hunn hir Ursaach an der Achsstellung vun der Äerd zu der Ekliptik, dem Äerdëmlafbunnniveau. Eis Äerdachs steet zum Niveau vun hirer Ëmlafbunn net am Senkel, mä weist eng Wénkelschréiegt vun 23,44 Grad op. Géif d'Äerdachs am Senkel zum Äerdëmlafbunnniveau stoen, da géif d'Sonn op béide Polen während dem ganze Joer genee um Horizont laanscht lafen. Tatsächlech passéiert dëst nëmme fir kuerz Zäit zweemol am Joer an zwar beim astronomeschen Hierscht- a Fréijoersufank.
Begrëfflech Andeelung [änneren]
De Begrëff Mëtternuechtssonn léisst séier den Iertum opkommen, d'Sonn géif ëmmer hiren déifste Stand um 24:00 Auer kréien. Dat ass wéinst verschiddene Phenomenen op enger bestëmmter Plaz nëmmen nobäi de Fall:
Um Nordkap erreecht d'Mëtternuechtssonn hiren déifste Stand duerchschnëttlech um 23:17 Auer MEZ resp. 00:17 Auer MESZ an ass do vum 11. Mee bis zum 31. Juli ze gesinn, während een op Svalbard d'Mëtternuechtssonn scho vum 20. Abrëll bis 25. August observéiere kann.
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Midnight sun (Mëtternuechtssonn) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Mëtternuechtssonn no Breedegrad bei Astronomie.info
- Webcam a Wiederdaten vun der Universitéit Tromsø