Mëttlere Westen

Vu Wikipedia
D'US-Bundestaate vum Mëttlere Westen (rout)

De Mëttlere Westen (engl.: Midwest) ass eng Regioun am Zentrum an am Norde vun den USA. Dem US-amerikaneschen Amt fir Statistik no besteet en aus 12 Bundesstaaten: Illinois, Indiana, Iowa, Kansas, Michigan, Minnesota, Missouri, Nebraska, North Dakota, Ohio, South Dakota, a Wisconsin.

Chicago ass d'Stad mat de meeschten Awunner vum Mëttlere Westen (a gläcihzäiteg op Plaz 3 vun de Stied mat de meeschten Awunner an den USA). Aner grouss Stied sinn Indianapolis, Columbus, Detroit, Milwaukee, Kansas City, Omaha, Minneapolis, Cleveland, Wichita a St. Louis.

Wirtschaftlech charakteriséiert sech d'Regioun duerch e Gläichgewiicht tëscht Schwéierindustrie a Landwirtschaft. Finanzzerwisser an aner Déngschtleeschtungen, zum Beispill an der Medezin, ginn och ëmmer méi wichteg.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Midwestern United States – Biller, Videoen oder Audiodateien