Möbiusschleef

Vu Wikipedia
Dëse Mathematiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Möbiusschlapp

Eng Möbiusschleef, e Möbiusschlapp oder e Möbiusband ass ee Band dat ëm 180° verdréit ass, an deem seng Enner zesummegehaange sinn. Et ass deemno en zweedimensionale Kierper, deen, wann een en an engem dräidimensionale Raum duerstellt, nëmmen eng Säit huet. Een eenzelt Segment doraus eleng betruecht huet awer nees zwou Säiten. Et kann een et net orientéieren, d.h. definéieren, wou uewen a wou ënnen, resp. bannen a baussen ass.

Et gouf 1858 onofhängeg vun enee vun den däitsche Mathematiker a Physiker, rep. Astronom Johann Benedict Listing an August Ferdinand Möbius beschriwwen.[1] an nom leschtgenannte genannt.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

Et kann ee selwer einfach e Möbiusband maachen, andeems een eng längelzeg Schleef Pabeier an den zwee Enner rankfërmeg uneneepecht, woubäi d'Sträif en hallwen Tour (180°) verdréint ass.

An der Konscht[änneren | Quelltext änneren]

An der Konscht huet sech z. B. den M. C. Escher (Möbiusband I an II, 1963) oder de Gideon Möbius-Sherman mat Möbiusbänner befaasst. Och den argentinesch Spillfilm Moebius setzt sech mat deem Theema auserneen. An der Literatur gëtt d'Möbiusband an enge jett Geschichten oder Romanen thematiséiert, sief et als Erzielstruktur, sief et als Sujet.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Rainer Herges: Möbius, Escher, Bach – Das unendliche Band in Kunst und Wissenschaft. In: Naturwissenschaftliche Rundschau 58, 6, 2005, S. 301–310.
  • Clifford A. Pickover: The Möbius Strip: Dr. August Möbius's Marvelous Band in Mathematics, Games, Literature, Art, Technology, and Cosmology. New York 2006.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Moebius surfaces – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Listing biography